Riets Partei mat gudde ChancenÉischt Ronn vun der Presidentschaftswal a Portugal

AFP, iwwersat vun RTL
A Portugal geet d'Presidentschaftswal e Sonndeg an déi éischt Ronn.
In Portugal findet am Sonntag die erste Runde der Präsidentschafwahl statt. Als Favorit geht der Gründer und Vorsitzende der rechtsextremen Partei Chega ("Genug"), André Ventura, ins Rennen. Umfragen deuten aber auf eine Stichwahl hin.
De Grënner vun der rietsextreemer Partei Chega, den André Ventura, gëllt als ee vun de Favoritten.
© AFP

A Portugal geet d’Presidentschaftswal e Sonndeg an déi éischt Ronn.

Als Favorit geet de Grënner a Virsëtzende vun der rietsextremer Partei “Chega”, den André Ventura, an d’Course. Ëmfroe weisen allerdéngs, datt warscheinlech eréischt an enger Stéchwal iwwert den Nofollger vum konservativen amtéierende President Marcelo Rebelo de Sousa wäert entscheet ginn. Sollt et esou wäit kommen, ginn dem Ventura méi schlecht Chancen ausgerechent.

Bei der Parlamentswal am Mee hat d’Chega-Partei 22,8 Prozent vun de Stëmme gewonnen an ass domat déi gréissten Oppositiounspartei

Parlament. Déi stäerkste Géigekandidate vum Parteichef Ventura an de Walen dëse Sonndeg sinn de Sozialist António José Seguro an de Kandidat vun der konservativer sozialdemokratescher Partei Luís Marques Mendes, dee vum Regierungschef Luís Montenegro ënnerstëtzt gëtt.

De President huet a Portugal keng exekutiv Rechter, kann a Krisenzäiten allerdéngs d’Parlament opléisen, Neiwalen ausruffen oder Ministerpresidenten entloossen.

Am portugisesche Konsulat zu Lëtzebuerg sinn d’Walbüroen iwwerdeems schonn e Samschdeg opgaangen. E Vertrieder vum Konsulat sot e Samschdeg de Moien, et wieren elo scho “vill méi Leit hei fir ze wielen, wéi bei de leschte Walen”.

Back to Top
CIM LOGO