Presidentschaftswalen a PortugalZu Lëtzebuerg kann ee schonn e Samschdeg seng Stëmm ofginn

RTL Lëtzebuerg
A Portugal gëtt e Sonndeg en neie President gewielt. Direkt e puer Kandidate liwwere sech ee Kapp-u-Kapp-Rennen.
© Rosa Clemente

Gutt Chance kënne sech e Sonndeg ënnert anerem de Luís Marques Mendes vun der konservativer Sozialdemokratescher Partei PSD, den André Ventura vun der rietser Partei Chega, den António José Seguro vun der sozialistescher Partei PS an de parteilosen Henrique Gouveia e Melo ausrechnen. Déi endgülteg Decisioun doriwwer, wien den nächste Staatschef gëtt, kéint viraussiichtlech awer eréischt an enger Stéchwiel den 8. Februar falen.

Knapps 11 Millioune Leit dierfen un de Walen deelhuelen, dorënner och Portugisen zu Lëtzebuerg. Am portugisesche Konsulat an der Stad sinn d’Walbüroen zanter e Samschdeg de Moien 8 Auer op. E Vertreider vum Konsulat sot e Samschdeg de Moien, et wieren elo schonn “vill méi Leit hei fir ze wielen, wéi bei de leschte Walen”.

Back to Top
CIM LOGO