Vum 1. August unÉisträich hieft d'Quarantän fir Corona op

RTL Lëtzebuerg
Vum 1. August un, also nächstem Méindeg, muss ee sech an Éisträich net méi doheem isoléieren, wann ee sech infizéiert huet.
© AFP Archivbild

An Éisträich däerf een also an Zukunft offiziell mat Corona schaffe goen. Et däerf een eraus, wann ee sech net krank fillt, awer mat enger FFP2-Mask.

Eenzel Bundeslänner wéi Wien oder Kärnten si guer net domadder averstanen. Et misst een awer en neie Wee mam Virus fannen, argumentéiert d’Regierung. An et hätt ee sech u Länner wéi Dänemark, Norwegen, Groussbritannien, Spuenien oder der Schwäiz inspiréiert, wou d’Quarantänsreegelen deels scho laang ofgeschaaft goufen.

D’Reegele sinn deels ganz speziell. Et däerf een zum Beispill mat Corona a mat Mask an de Bistro, awer just fir ze schwätzen. Eppes drénken oder iessen däerf een net.

Op d’Kritik huet de Gesondheetsminister Rauch geäntwert, d’Leit géife sech souwisou net méi un d’Reegelen halen.

Back to Top
CIM LOGO