Symbolesch MesureÉisträich huet de Klima-Noutstand ausgeruff

RTL Lëtzebuerg
Den Nationalrot huet e Mëttwoch den Owend eng deementspriechend Resolutioun mat grousser Majoritéit ugeholl.

Mat dëser symbolescher Mesure huet sech dat éisträichescht Parlament, d’Klima- an d’Ëmweltkris an hir Suitten als heegste Prioritéit op de Fändel geschriwwen.

Déi rietspopulistesch FPÖ huet d’Resolutioun als eenzeg Partei refuséiert. Den FPÖ-Deputéierten Walter Rauch sot, dass géif probéiert ginn eng Klima-Hysterie ze provozéieren, déi näischt mat der Realitéit ze dinn hätt.

An Éisträich sinn, nodeems d’Koalitioun aus FPÖ an ÖVP ausernee gebrach war, e Sonndeg virgezunne Parlamentswalen.

Back to Top
CIM LOGO