A Frankräich war e Sonndeg deen éischten Tour vun de Presidentiellen 2022. Eng 49 Millioune Fransouse waren opgeruff, fir hir Stëmm ofzeginn. Um 20 Auer hunn déi lescht Wallokaler zougemaach.
E Méindeg an der Mëttesstonn gouf dat offiziellt Schlussresultat matgedeelt: De President Emmanuel Macron (La République en Marche) an d’Rietspopulistin Marine Le Pen (Rassemblement National) hunn et bei de Presidentiellen a Frankräich an den 2. Tour gepackt. De Macron kënnt op 27,85 Prozent vun de Stëmmen. Domadder läit hien am éischten Tour iwwer véier Punkte virun der Rietspopulistin Le Pen, déi op 23,15 Prozent kënnt.
No dem éischten Tour huet liberale Macron et awer evitéiert, sech ze fréi ze freeën: “Loosst ons ons net ieren, näischt ass decidéiert.” Seng Géignerin huet hirersäits virun hire Supporter zu enger “grousser Ännerung” opgeruff, déi Frankräich bräicht.
Och wa vill Fransousen onzefridde mam Macron senger éischter Amtszäit waren an hien am Walkampf net begeeschtert huet, profitéiert de 44 Joer ale Politiker vun de Schwäche vun den anere Kandidaten an de Wënsch no Stabilitéit op Grond vum Krich an der Ukrain. D’Le Pen huet et dogéint versicht, fir mat manner aggressiven Téin ze punkten an huet sech gläichzäiteg als Affekotin vun deenen inzeenéiert, déi ënnert der Inflatioun an der Hausse vun de Präisser leiden.
Stéchwal de 24. Abrëll
Fir den Emmanuel Macron an d’Marine Le Pen ass et déi zweete Kéier, datt si an enger Stéchwal openeen treffen. Den Ëmfroen no dierft d’Resultat allerdéngs méi knapp ausfalen, wéi nach viru fënnef Joer. Deemools hat de Macron mat 66,1 Prozent gewonnen. Engem leschte Sondage no kéim de Macron op 52 Prozent an d’Populistin op 48 Prozent.
Macron a Le Pen stounge schonn 2017 am zweeten Tuer géigeniwwer, mee Sondagen no, gëtt et dës Kéier méi enk. D’Le Pen kéint wéi et heescht op 85 Prozent vun de Wieler vum faschisteschen Eric Zemmour zielen, dee 7 Prozent vun de Stëmme krut. Mä och Stëmme vun der konservativer Valérie Pécresse kéinten un d’Le Pen goen, a se kéint méi Stëmme vu Wieler vum lénke Jean-Luc Mélenchon kréien, wéi déi leschte Kéier.
An der Vergaangenheet gouf et och scho Fäll an deenen de Kandidat gewonnen huet, deen am 1. Tour op déi zweet Plaz komm war.
De 24. Abrëll decidéieren d’Fransousen dann am Ballotage wie President vu Frankräich soll ginn.
12 Kandidaten haten dëst Joer hir Kandidatur, fir President vu Frankräich ze ginn, agereecht.
Hannert Macron a Le Pen kënnt de Lénkspopulist Jean-Luc Mélenchon mat eppes manner wéi 22 Prozent vun de Stëmmen op déi drëtte Plaz. De rietsextreme Publizist Eric Zemmour, deen d’Le Pen zäitweis an Ëmfroen iwwerholl hat, kënnt nach op knapp 7 Prozent. De grénge Kandidat Yannick Jadot kënnt op knapp 4,6 Prozent vun de Stëmmen. Déi fréier Volleksparteien a Frankräich, d’Sozialisten an déi Konservativ, hunn historesch Néierlage kasséiert. D’Valérie Pécresse kënnt fir déi biergerlech-konservativ Partei Les Républicains nëmmen op 4,8 Prozent. D’Sozialisten, déi vun 2012 bis 2017 mam François Hollande nach de President gestallt hunn, sinn op 1,75 Prozent ofgestierzt. Si ware mat der Buergermeeschtesch vu Paräis Anne Hidalgo ugetrueden.
Éischt Kandidate recommandéiere Wal vu Macron
Déi dräi lénks Kandidate Yannick Jadot, Anne Hidalgo a Fabien Roussel hunn direkt no der Publikatioun vun de Resultater dozou opgeruff, an der zweeter Ronn fir de Macron ze stëmmen.
Änlech Téin si vum Mélenchon komm. Senger Meenung no dierft ee keng eng Stëmm dem Marine Le Pen ginn.
Déi rietskonservativ Valérie Pécresse huet ugekënnegt, datt si selwer hir Stëmm dem aktuelle President gi wäert, huet awer op een Appell un hir Unhänger verzicht. Ëmfroen no wäert een Deel vun hinnen éischter fir d’Le Pen stëmmen.
D’Lager vum Eric Zemmour huet dogéint zur Wiel vum Le Pen opgeruff.
Niddreg Walbedeelegung
E Sonndeg den Owend um 17 Auer louch de Participatiounstaux am éischten Tour vun de franséische Presidentielle bei 65 Prozent, eng Baisse vu 4,4 Prozentpunkten am Verglach mat 2017. Viru fënnef Joer louch den Taux ëm déi nämmlecht Zäit bei 69,42 Prozent. 2012 louch den Taux nach bei 70,59 Prozent an 2007 bei 73,63 Prozent.
Onrouen
No der Annonce vun de Resultater koum et e Sonndeg den Owend am Zentrum vu Rennes an zu Lyon zu Affrontementer. E puer honnert Leit, haaptsächlech Jonker, hate sech do versammelt an hunn antikapitalistesch an antifaschistesch Slogane geruff. Zu Rennes gouf ënnert anerem Feier op engem Chantier geluecht.

Eng interaktiv Kaart weist Iech, wéi wéi en Departement gewielt huet.