No Äusserung vum Donald TrumpËmmer méi Mënsche sprëtze sech Desinfektiounsmëttel

RTL Lëtzebuerg
Den Donald Trump hat Fuerscher opgefuerdert, ze testen, wéi eng Auswierkungen et hätt, wann een Desinfektiounsmëttel géif gesprëtzt kréien.

Eng Fro, déi weltwäit fir hefteg Diskussioune gesuergt huet: “Desinfektiounsmëttel maachen de Virus an enger Minutt futti. Gëtt et e Wee, wéi mir dat maache kënnen? Duerch Sprëtzen? Et wier interessant, dat ze préiwen”, wollt den US-amerikanesche President vun engem Expert wëssen. Dokteren haten no dëser Fro direkt gewarnt, datt dëst Virgoe liewensgeféierlech kéint sinn.

An awer ruffen zanter dëser Ausso eng Hellewull u Leit bei amerikanesche Corona-Hotlines un, well si sech mat Botzmëttel vergëft hätten. “Fir eent kloerzestellen: Kee soll Desinfizéierungsmëttel zou sech huelen. Sou kann ee keng Krankheet behandelen. Mir kënnen de Virus net ëmbréngen, wa mir eis Desinfizéierungsgel sprëtzen”, sinn d’Wierder vum Nancy Pelosi, Spriecherin vun den Demokraten.

Wéinst deene villen negative Reaktiounen huet den Donald Trump e Samschdeg missen zeréckrudderen a behaapten, seng Äusserung wier sarkastesch gemengt gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO