Ganz kuerzfristeg ass fir en Donneschdeg en EU-Spezialsommet zu Bréissel aberuff, fir sech mat der Russland-Ukrain-Kris ze befaassen. Et wéilt een eng kollektiv Approche, sou den EU-Conseilspresident Charles Michel. Déi 3 Milliounen Ukrainer, déi a Russland liewe, goufen iwwerdeems vu Kiew opgefuerdert, Russland op schnellstem Wee ze verloossen.
Den ukrainesche President Volodymyr Zelensky plangt mat der Zoustëmmung vum Parlament fir 30 Deeg den Ausnamezoustand fir d’ganzt Land ze deklaréieren. Verlängerungen duerno si méiglech. Och Reserviste sollen agezu ginn. Doriwwer eraus hunn e Mëttwoch eng Rëtsch Internetsäite vun der ukrainescher Regierung net funktionéiert – si ware méiglecherweis Ziler vun enger ofgestëmmter russescher Cyberattack.
Déi russesch Ambassade zu Kiew ass mëttlerweil quasi komplett geraumt. D’Diplomate sinn ofgezunn an d’Fändele sinn agepaakt. An der Nuecht op Mëttwoch hu Männer an Zivil am Haff Kartrongskëschte geraumt an niewendrun an engem Schapp e Feierchen an de Kamäi gemaach – nawell gär net just géint d’Keelt.
Gutt 750 Kilometer ëstlech, op der Kontaktlinn, geet de sporadesche Granaten- a Mörserbeschoss weider. Op ukrainescher Säit, bei Shchastya, gouf e Stroumkraaftwierk méiglecherweis net aus Zoufall viséiert a getraff. Ukrainesch Ziviliste kënnen d’Artillerie an de Beschoss op der Kontaktlinn gutt héieren, mee den Ament huet nach kee Panzer vun de Separatisten oder dem russesche Militär probéiert bis op déi westlech Säit vun der Front ze kommen.
Et ass effektiv nach ëmmer net gewosst, ob iwwerhaapt scho russesch Truppen an der Ostukrain sinn. Der brittescher Ausseministesch Liz Truss no gëtt et dofir den Ament nach keng definitiv Beweiser.
D’Ukrain huet domadder ugefaangen, Reservisten am Alter vun 18 bis 60 Joer ze mobiliséieren. Kiew rifft och seng Bierger op, Russland ze verloossen. Dat ukrainescht Parlament huet Sanktioune géint 351 Russen decidéiert, dorënner Deputéiert vun der russescher Duma.
Eng vun de grousse Froen ass natierlech och déi, wéi de Westen op de russesche Virstouss reagéiert. Fir den US-President Joe Biden ass kloer, datt et sech ëm eng Invasioun handelt. Hie géing mengen, datt Russland bereet wier, nach däitlech méi wäit ze goen an eng grouss Attack op d‘Nopeschland Ukrain ze lancéieren.
“Dëst ass den Ufank vun enger russescher Invasioun an der Ukrain. Mir an eis Partner wäerte mat Sanktioune reagéieren, déi vill méi wäit ginn, ewéi 2014. Wa Russland mat dëser Invasioun weider fiert, da si mir prett fir weider Sanktiounen. Wien a Gottes Numm mengt de Putin, gëtt him d‘Recht, nei sougenannte Länner ze deklaréieren, dat op engem Territoire, dee sengen Nopere gehéiert. Dëst ass eng flagrant Violatioun vun internationalem Recht a verlaangt eng ferm Äntwert vun der internationaler Communautéit.”
D’USA wëlle weider militäresch Hëllefen offréieren an Truppen an déi baltesch Staaten transferéieren. Derbäi kommen ebe Finanzsanktiounen. Ënner anerem sinn déi géint Banke geriicht an den Handel mat russesche Staatsobligatioune soll ënnerbonne ginn. Et wier awer nach ëmmer Zäit, de Worst-Case-Zenario zu verhënneren, sou den US-President, dee weider eng Dier fir d‘Diplomatie wëll oploossen.
“Mir hunn net Wëlles géint Russland an de Krich ze goen. Mee mir wëllen den onmëssverständleche Message ginn, dass d’USA mat den Alliéierte wäerten all Zentimeter Nato-Territoire verdeedegen.”
D’lescht Woch gouf nach gemellt, datt et eng Entrevue op héchstem Niveau tëscht dem Putin an dem Biden sollt ginn. Sou en Treffe wier elo vum Dësch, heescht et vu Washington
Och d’Europäesch Unioun reagéiert virun allem mat finanzielle Strofen. Honnerte Persoune sti vun elo un op enger Sanktiounslëscht. D‘Kommissiounscheffin Ursula Von der Leyen:
“Déi russesch Decisioun, déi ukrainesch Regiounen Donetsk a Luhansk unzëerkennen, ass illegal a komplett inakzeptabel. Dat gëllt och fir d‘Decisioun, datt Truppen an dës Regioune geschéckt ginn. Russland huet dës Kris manufakturéiert an ass responsabel fir d‘Eskalatioun.”
Déi däitsch Regierung huet de Projet vun der Gas-Pipeline “Nord Stream 2" iwwerdeems op Äis geluecht.
De Wladimir Putin huet e Mëttwoch iwwerdeems wësse gedoen, datt d‘Interesse vu sengem Land a senge Bierger net verhandelbar sinn. Ma hie wier awer bereet, weider no diplomatesche Léisungen ze sichen, esou de russesche Staatschef an engem Videomessage. Parallel huet hien d‘Arméi gelueft. Et géing ee weider un héichmoderne Waffesystemer schaffen.
Zu Donezk, op der anerer Säit vun der Kontaktlinn, hoffen d’Awunner op e bessert Liewen a Sécherheet ënnert dem Fändel vun där frësch vu Russland unerkannter Volleksrepublik a si zielen och op wirtschaftlechen Opschwong. Wäit iwwert eng hallef Millioun Päss hat Moskau an de leschten 8 Joer do verdeelt. Déi meescht Awunner vun Donezk a Luhansk sinn net nëmmen ethnesch Russe, mee och scho russesch Staatsbierger. Hire Bléck ass definitiv op déi russesch Federatioun geriicht an net op Kiew.