USA, EU a Groussbritannien wëllen op Pëtrol a Gas aus Russland verzichten
Den US-President Joe Biden huet confirméiert, datt d’USA elo komplett op Importer vu russeschem Gas, Pëtrol oder op Kuel aus Russland verzichten. Och Groussbritannien plangt spéitstens Enn vun dësem Joer d’Importer ze stoppen. An och an der EU strieft een, Opgrond vun der Invasioun vun der Ukrain, eng Onofhängegkeet vu fossillen Energien aus Russland un. Mä esou wäit ass een den Ament nach net, dëst soll awer virum Joer 2030 passéieren.
Och d’Pëtrolsgesellschaft Shell huet en Dënschdeg ugekënnegt, sech aus den Aktivitéiten vu Pëtrol a Gas an dem Erschléisse vu neie Ressourcen a Russland zréckzezéien.
Leit notze Beschoss-Paus, fir aus de Stied ze kommen
An der Ukrain war ee weideren Dag wou Evakuatioune probéiert goufen. Virun allem aus den Uertschaften a Stied am Oste vum Land, wéi Sumy un der russescher Grenz, hu vill Leit probéiert, eng Geleeënheet ze notze vun enger klenger Paus am Artilleriebeschoss, fir fort ze kommen an Direktioun Westen, entweder op d’Grenz zu Moldawien oder Polen, Rumänien, d’Slowakei oder Ungarn. E laange, beschwéierlechen an doudgeféierleche Wee.
Selenskyj schwätzt viru britteschem Ënnerhaus
An iwwer Videolink hält den ukrainesche President Selenskyj seng Alliéiert géint Russland weiderhi mat Charakter, Courage a Charisma bei der Staang. En Dënschdeg gouf hie live op Westminster an dat brittescht Parlament geschalt, fir d’Volleksvertrieder zu London iwwert d’Situatioun a sengem Land z’informéieren. An enger Referenz op de Winston Churchill sot hien, seng Natioun géif a Bëscher, Felder an an de Stroosse kämpfen. Déi blo giel Krawatte maache Geschicht, de Respekt ass grouss. Um Enn gouf et Standing ovations, minuttelaang aus de volle Reien.
Ukrainkris huet Suitten op Energiegewënnung
An Däitschland gëtt als Konsequenz vun der Ukrainkris warscheinlech um Dënschdeg decidéiert, dass d’Atomkraaftwierker bei eisen Nopere wäerte méi laang um Netz kënne bleiwen. De Wirtschaftsminister Robert Habeck gesäit d’Energieministeren vun de 16 Bundeslänner, fir iwwert d’Versuergungssécherheet ze beroden.
Russland hat e Méindeg jo eng éischte Kéier oppen annoncéiert, dass ee méiglecherweis d’Gas-Liwwerungen an d’EU kéint stoppen, sollten d’Sanktioune géint Moskau unhalen. D’EU huet dorobber um Dënschdeg reagéiert a bekannt gemaach, datt een d’Gasimporter aus Russland ëm zwee Drëttel wéilt reduzéieren an een nei Piste géing sichen, fir komplett drop ze verzichten. Dëst kéint nach virun 2030 de Fall sinn.
45% vum Gas, deen d’EU aktuell importéiert, kënnt aus Russland. Russland kéint déi Liwwerung duerch d’Nordstream 1-Pipeline vun haut op muer stoppen an et kéim zu enger Präisdeierecht, erkläert de Robert Halver, Analytiker vun de Kapitalmäert..
Russland zitt weider Truppen zesummen
Russland géif weider Truppen zesummenzéien, heescht et vun ukrainescher Säit. Besonnesch schlëmm wier d’Situatioun den Ament iwwerdeems an der südëstlecher Hafestad Mariupol, déi massiv zerstéiert wier. Et géif kee Stroum méi ginn, keng Waasserversuergung, an ëmmer nees Explosiounen, heescht et vun Leit op der Plaz. Den ukrainesche President Selenskyj huet all ukrainesch Zaldoten, déi sech nach am Ausland befannen opgeruff Heem ze kommen an hir Heemecht ze verdeedegen.
3. Verhandlungsronn ouni Succès
Eng drëtt Verhandlungsronn tëscht Ukrainer a Russen ass e Méindeg ouni gréisser Duerchbroch op en Enn gaangen. Et hätt just minimal positiv Entwécklunge ginn, wat d’Flucht-Couloirë fir d’Zivilpopulatioun ugeet, heescht et vun ukrainescher Säit. Et wéilt een op alle Fall net acceptéieren, dass d’Fluchtméiglechkeete fir d’Ukrainer just a Richtung Russland oder Belarus solle féieren, sou wéi Moskau dat proposéiert huet.
Wafferou bis 20 Auer, Attacken op 5 Stied gestoppt
Russland huet d’Attacken op 5 Stied gestoppt. Déi ukrainesch Regierung huet confirméiert, datt déi éischt Flucht-Korridoren op sinn. Zu Sumy solle Busser mat de Leit d’Stad verloossen. Zanter 8 Auer de Moien eiser Zäit géif net méi geschoss ginn. Concernéiert sinn d’Stied Kiew, Tschernihiw, Sumy, Charkiw an d’Hafestad Mariupol. D’Ziviliste sollen also d’Méiglechkeet kréien, sech a Sécherheet ze bréngen. Allerdéngs komme verschidde Korridoren a Russland an a Wäissrussland eraus, dat wëllen d’Ukrainer awer natierlech net. D’Wafferou soll bis 20 Auer den Owend gëllen. Eleng aus Mariupol wëllen 200.000 Mënschen eraus.
