CoronavirusEng 4.800 Mënschen si mëttlerweil am US-Staat New York gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Wéinst de villen Doudege gëtt iwwerluecht, déi Doudeg iwwergangsweis an de Parke vun der Stad ze begruewen.

Méi ewéi 130.000 Infizéierter goufe confirméiert.

De Gouverneur vu New York, den Andrew Cuomo, gesäit awer Liicht um Ënn vum Tunnel. Et kéimen däitlech manner Leit an d’Spideeler, an och manner op d’Intensivstatioun.

Trotz der Corona-Kris sinn um Dënschdeg Virwalen am US-Staat Wisconsin. De Gouverneur Evers wollt d’Walen ëm zwee Méint verréckelen. Dat iewescht Geriicht huet sech awer dogéint decidéiert.

Weltwäit si bis ewell knapp 75.000 Mënschen um Coronavirus gestuerwen. 1 Millioun 348.000 Infektiounen goufe gemellt. Déi meescht an den USA, Spuenien, Italien Däitschland a Frankräich. 277.000 Infizéierter goufe nees gesond.

En Donneschden kënnt den UNO- Sécherheetsrot zesummen, fir iwwert dem Impakt vun der Pandemie op déi international Sécherheet ze beroden. D’Videokonferenz vun de 15 Memberen vum Rot, ass à huis clos.

Rezent gouf et jo Kritik, datt den den UNO-Sécherheetsrot näischt géint de Coronavirus géif maachen, respektiv keng gemeinsam Positioun hätt.

D’Finanzminister vum Eurogrupp beroden um Dënschdeg iwwer weider Hëllefe wéinst der Pandemie. Zur Debatt steet e finanziellt Sécherheetsnetz fir d’EU-Staaten an Héicht vu 500 Milliarden Euro.

Back to Top
CIM LOGO