Uerg, koordinéiert SabotageEng 800.000 Leit si vu "massiver Attack" géint SNCF betraff

RTL Lëtzebuerg
Déi franséisch Eisebunn SNCF ass zanter der Nuecht mat enger "massiver Attack" konfrontéiert, déi de ganzen TGV-Reseau paralyséiert.
Eng 800.000 Leit si vu "massiver Attack" géint SNCF betraff
Déi franséisch Eisebunn SNCF ass zanter der Nuecht mat enger “massiver Attack” konfrontéiert, déi de ganzen TGV-Reseau paralyséiert.

Dës Aktioune koumen nëmmen e puer Stonne virun der offizieller Ouverture vun der Olympiad. Betraff sinn notamment d’Axen Atlantique, Nord an Est. Et geet ee bei der SNCF dovunner aus, datt de Problem op d’mannst nach de ganze Weekend bestoe bleift, fir d’Reparaturen ze maachen.

Sabotage géint den TGV / Reportage Roy Grotz

Massiv Attack

“Dëst ass eng massiv Attack am groussen Ëmfang, fir d’TGV-Netz zum Stoen ze bréngen”, huet et vun der SNCF géintiwwer AFP geheescht. Wéi et heescht, wier an der Nuecht op e Freideg géint 4 Auer op véier wichtege Kräizungen a Stellwierker agebrach ginn, fir do Kabelen ze klauen, ze verbrennen oder ze zerschneiden. Op enger Plaz sinn déi Schëlleg vun Aarbechter vun der Bunn erwëscht ginn, sou dass do kee Brand konnt geluecht ginn.

D’SNCF schwätzt vun uergen, koordinéierte Sabotageaktiounen um ganze Schinnereseau, déi mat sech bréngen, datt vill Zich carrement ausfalen oder mat nëmme vill Retard kënne fueren, well se mussen ëmgeleet ginn.

Vill Verbindunge mam Héichgeschwindegkeetszuch mussen dowéinst gestrach ginn, esou déi franséisch Bunn weider. “D’Situatioun dierft op d’mannst de ganze Weekend unhalen, wärend Reparaturen duerchgefouert ginn”.

Ronn 800.000 Clientë sinn aktuell vun de grave Probleemer betraff grad op deem Weekend, wou och Bison Futé mat vill Trafic op de Stroosse rechent. Deelweis hänke si zu Dausenden op de Gare fest a kommen net wierklech weider. D’Bunn huet d’Leit opgeruff, net méi op d’Garen ze kommen an all hir Deplacementer ze verleeën.

Problemer iwwert de ganze Weekend

Um Site vun der SNCF ass ze liesen, datt een domadder rechent, den 29. Juli nees iwwerall normal funktionéieren ze kënnen. Do schwätzt d’Bunn selwer vun engem “Acte de malveillance” op der Linn tëscht Lille a Paräis am Secteur Arras. Nieft den techneschen Ekippe vum SNCF sinn och d’Pompjeeën am Asaz, well et op verschiddene Plazen zu Branduschléi koum, schreift d’AFP.

Vun engem direkte Lien mat den Olympesche Spiller zu Paräis geet een aktuell net aus. D’SNCF huet awer matgedeelt, datt een d’Clientë per SMS géif au courant halen, wat den Depart vun hire reservéierten Zich ugeet.

Politik verurteelt Attack

Den aktuelle franséische Verkéiersminister Patrice Vergriete huet dëse kriminellen Akt géint déi franséisch Bunn schaarf verurteelt. Dëst géif ville Fransousen de Start an d’Vakanz méi schwéier maachen, esou de Minister.

Och wann et aktuell keen direkte Lien mat der Erëffnungszeremonie vun den olympesche Spiller gëtt, huet d’Nach-Sportsministesch vun eisen Noperen däitlech Wierder fonnt. “Mir wäerten den Impakt fir haut evaluéieren, fir d’Reesender, fir d’Athleten op dësem Weekend”, esou d’Amélie Oudéa-Castéra. “Géint déi Olympesch Spiller ze spillen, ass géint Frankräich ze spillen, ass géint säi Land ze spillen”.

All déi franséisch Geheimdéngschter si mobiliséiert, fir d’Auteure vun dëse kriminellen Aktiounen ze fannen. Bis ewell gouf et awer nach keng Revendicatioun. De Modus Operandi léisst dem Geheimdéngscht no op lénks-extreem Täterkreesser schléissen.

Och TGV vu Metz aus betraff

Natierlech ass och den TGV-Est betraff, well e Feier an engem Kontrollposten zu Pagny-sur-Moselle geluecht gouf, wou d’Linnen tëscht Metz a Nanzeg getrennt ginn. Well aktuell jo keng TGVe bis op d’Stater Gare fueren, ginn d’Clientë mat Bussen op Metz gefouert. Vun hei aus ass da mat Retarden ze rechnen. Vun e Sonndeg u soll jo och en TGV tëscht der Gare zu Rodange a Paräis zirkuléieren.

Krisecellule aberuff

Aktuell funktionéiert och eng Krisecelulle um Niveau vum Transportministère un där och de Premier Attal deelhëlt. Am spéide Freideg de Moien huet och de Paräisser Parquet eng Enquête wéinst Attacken op déi vital Interesse vum Land opgemaach, dat mam Bléck op Leit aus dem Milieu vun der organiséierter Kriminalitéit.

Back to Top
CIM LOGO