Esouwuel op den däitschen, wéi och de franséischen Autobunne muss een dëse Weekend ganz vill Gedold matbréngen.

Frankräich

Wien dëse Weekend a Frankräich fir säi Congé fiert, dee muss mat vill Stau rechnen. E Freideg mellt Bison Futé nämlech "Alerte Rouge" also ganz schwiereg Verhältnisser op de Stroossen, wann een an d'Vakanz fiert. Fir de Retour ass et gréisstendeels giel, also net grad esou schlëmm. E Samschdeg dann ass den Depart schwaarz, also extrem komplizéiert, an de Retour rout. E Sonndeg da gëtt et méi roueg. Do ass d'Kaart gréisstendeels gréng, wann een an d'Vakanz fiert, a giel, wann een zeréck kënnt.

Da muss een, deemno wéi een a Frankräich fiert, mat Grenzkontrolle wéinst den Olympesche Spiller rechnen, déi och nees fir Stau a Verspéidunge kënne suergen.

Däitschland

Dem ADAC schwätzt vun engem "heftege Stauweekend", well de Vakanzentrafic grad Héichsaison huet. Dat gëllt esouwuel fir an d'Vakanz, wéi och fir de Réckwee. Den ADAC schätzt dëse Weekend als dee mat de meeschte Stauen an, vun den 12. Vakanzeweekender, déi et an Däitschland ginn. Dëst gëllt quasi fir dat ganzt Land an an all Direktiounen. Fir zousätzlech Problemer dierften déi 1.230 Baustellen op den däitschen Autobunne suergen, well op ville Plazen d'Stroossen doduerch méi enk oder reduzéiert sinn, muss een hei nach méi Gedold matbréngen.