SpuenienEng Rei Industriebetriber fänken erëm u mat schaffen

Maxime Gillen
D'Regierung huet decidéiert, dass vun elo un net méi nëmme Betriber schaffen dierfen, déi liewenswichteg Saache produzéieren.

Deemno wäert e Méindeg d’Aarbecht op dausende Chantieren a Spuenien kënne viru goen. D’Regierung huet eng Lëscht publizéiert, mat Recommandatiounen, wéi ee sech an anerer am beschte schützt. Zum Beispill soll Aarbechtskleedung all Dag an op d’mannst op 60 Grad gewäsch ginn a wie kann, soll den ëffentlechen Transport evitéiere fir op d’Aarbecht ze fueren.

Och an Däitschland gëtt doriwwer diskutéiert, wéini a wéi een déi aktuell Beschränkungen erëm kann ophiewen. Virologe weltwäit warnen allerdéngs virdrun déi aktuell Reegelen elo erëm ze séier ze lackeren. Hei zu Lëtzebuerg sollen dës Woch éischt Elementer fir eng sougenannt Exit-Strategie presentéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO