E Sonndeg entscheeden 49 Millioune Fransouse wie vun den 12 Kandidaten et bei de franséische Presidentiellen an den zweeten Tour packt.
Vun enttäuscht bis souguer rosen. Esou d’Stëmmung e Samschdeg de Moien zu Diddenuewen um Maart, wéi eng RTL-Ekipp de Bols geholl huet.
Viru 5 Joer hat den Emmanuel Macron sech direkt zweemol zu Diddenuewen duerchgesat. Am éischten Tour an och am zweeten Tour. Mat du souguer 71% iwwert der nationaler Moyenne. Wéi d’Bierger aus onser Nopeschstad e Sonndeg entscheeden, dat steet an de Stären - No enger Campagne, déi d’Leit wierklech enttäuscht huet. Dat war e Samschdeg kloer aus de Reaktiounen erauszehéieren.
2017 hate sech zu Diddenuewen nach 3 vu 4 Wieler fir den éischten Tour an de Walbüro deplacéiert. Wéi vill ginn et der e Sonndeg? Eng net onwichteg Fro. Op engem Ament, wou den Ecart tëscht den zwee, jo scho bal fir den zweeten Tour gesate Kandidaten, dem liberalen Emmanuel Marcon an der Rietspopulistescher Marine Le Pen, wéi Schnéi an der Sonn schmëlz. Wou awer och vill Bierger d’Vertrauen an d’Politik verluer hunn.
Iwwer wat fir eng Themen hätten d’Leit vun Diddenuewen da gär en Debat gehat, deen enger Presidentschaftswal würdeg gewiescht wier?
Immigratioun, Kafkraaft, Ëmwelt, Educatioun, Wirtschaft, Pensiounen, ... d’Lëscht ass laang.
Huet een e Samschdeg, net emol 24 Stonnen iert d’Wallokaler hir Dieren opmaachen d’Ouere gespëtzt, da gouf engem kloer: Vill Fransousen zécken nach, wat fir een Numm se e Sonndeg an d’Walurne geheie sollen.
E Sonndeg riskéiert de Grand Est nees emol déif gespléckt ze sinn. Vun enger Gemeng zur anerer. Tëscht Emmanuel Macron a Marine Le Pen. Mat villäicht och hei an do engem 3. Iwwerraschungsgaascht, dem Jean-Luc Mélenchon vum ganz lénke Bord.
