
Ëmmer méi Detailer nom versichten Dronenattentat um Fluchhafen Leipzig/Halle de 4. August kommen un d'Liicht. Aus engem Artikel an der Welt am Sonntag geet ervir, dass d'Enquêten direkt bei de russeschen Militärgeheimdéngscht féieren.
Confidentiel Dokumenter aus den Enquête géifen e presuméierte Mataarbechter vun deem Geheimdéngscht als Logistiker vun der Operatioun ernimmen. Beim Verdächtegen handelt et sech ëm eng Persoun aus Russland, ewéi am Artikel ze liesen ass.
D'Zeitung berifft sech op Sourcen aus Sécherheetskreesser. De verdächtege Russ hätt d'Virbereedung fir d'Attack realiséiert.
Iwwer d'Tierkei wär hien an Däitschland agereest, ausgereest wär hien a Serbien. Elo géif de Mann sech nees a Russland ophalen.
Der Welt am Sonntag no woussten d'Ermëttler bei senger Arees scho vu senger Relatioun mam Geheimdéngscht – observéiert wär hien awer net ginn.
D'Regierung zu Moskau kontestéiert iwwerdeems iergendeppes mam versichten Uschlag ze dinn ze hunn.