
Däitschland ass zanter 1990 reunifiéiert. Zanterhier ass den 3. Oktober Nationalfeierdag. Déi zentral Feierlechkeete sinn ëmmer an dem Bundesland, dat grad d’Presidence vum Bundesrat huet. Dëst Joer ass dat Schleswig-Holstein.
Zu Kiel war schonn e Mëttwoch ee grousst Volleksfest. Um Donneschdeg gi fir déi weider Feierlechkeeten iwwert eng hallef Millioun Leit erwaart.
Am Virfeld sot den Inneminister Horst Seehofer, dass hien iwwerzeegt dovun ass, dass bannent 10 Joer d’Strukturënnerscheeder an Däitschland verschwonne sinn. Et géif ee vun engem Joerzéngt ausgoen, bis d’Liewensverhältnisser all gläich sinn. Dat géif net nëmme fir déi nei Bundeslänner gëllen, mä och fir strukturschwaach Regiounen an aneren Deeler vun Däitschland, sou de Seehofer an engem Interview mat der Bild am Sonntag.
Parallel fir den Dag vun der Deutschen Einheit organiséiere ronn 1.000 moslemesch Communautéiten an Däitschland den Dag vun der oppener Moschee. De Conseil vun de Moslemen rechent mat ongeféier 100.000 Visiteuren. Am Géigesaz zum leschte Joer gëtt et déi Kéier awer keng zentral Feier.