
Et géif een alles maachen, fir dat erauszefannen.
D’WHO plangt zanter Méint en internationaalt Team vun Experten an déi chinesesch Stad Wuhan ze schécken, wou de Virus fir d’éischt opgetaucht ass.
D’Experte sollen do zréck verfollegen, wéi de Virus op de Mënsch iwwerdroe gouf.
D’WHO rifft dann och derzou op, sech genee z’iwwerleeë wéi a mat wiem ee Chrëschtdag feiert. D’Mesuren an Europa géifen elo gräifen, d’Infektioune géifen zeréckgoen an dee Succès soll een net nees verschenken. Zesumme mat Famill oder Frënn ze feiere wär et net wäert, fir si a sech selwer engem Risiko auszesetzen.