Ukrain-KonfliktEt solle weider Truppen ofgezu ginn, mellt Russland

Petz Bartz
De russesche Verdeedegungsministère fiert eegenen Aussoen no weider domat, fir Truppen ofzezéien. An deem Kontext goufe Fotoen a Videoe public gemaach.
Ukrain-Konflikt
De russesche Verdeedegungsministère fiert eegenen Aussoen no weider domat, fir Truppen ofzezéien. An deem Kontext goufe Fotoen a Videoe public gemaach.

Russland betount weiderhin keng Invasioun vun der Ukrain ze plangen, am Géigesaz zu deem, wat Moskau vun der NATO virgeworf kritt. De Weste wier am Gaang a Krichshysterie ze verfalen, esou Moskau. Mee Washington no wiere mëttlerweil esouguer 190.000 Zaldote ronderëm d’Ukrain stationéiert.

Keng Offensiv geplangt

Den US-Verdeedegungsminister Lloyd Austin sot zu Warschau, dass een nach ëmmer näischt vun engem russesche Réckzuch an Uecht geholl hätt. Am Géigendeel: mat elo 190.000 Zaldoten an der Regioun wier et déi gréisst militäresch Mobilisatioun an Europa zanter dem Zweete Weltkrich.

Heiansdo gëtt de gréissten Dësch erausgeholl, deen am Kreml steet. Bei der Visitt vum Wäissruss Lukashenko war et awer dee klengsten. Vläicht huet et domadder ze dinn, wéi no ee sech privat ass. Putin a Lukashenko plange sech muer jiddefalls hir Manöver zesummen unzekucken.

Kiew wëllt awer weiderhin ee rouege Kapp behalen an der ganzer Saach. Dat krut d’Parlament gesot.

An de selwer ernannte Volleksrepublicken Donetsk a Luhansk dogéint hunn d’Autoritéite d’Awunner gewarnt, dass se am Fall vun enger Attack géifen a Russland evakuéiert ginn. De géigesäitege, sporadesche Beschoss op der Kontaktlinn geet weider. Zu Donetsk waren Sireenen ze héieren, déi am Fall vun enger gréisserer Offensiv d’Populatioun géife warnen an d’Bunker an an d’Kelleren ze lafen.

Back to Top
CIM LOGO