TV-Duell Trump vs BidenEt war méi disziplinéiert, ma ouni perséinlech Attacke si se net auskomm

RTL Lëtzebuerg
Den zweeten a leschten TV-Debat tëscht dem Donald Trump an dem Joe Biden dës Nuecht war vill méi disziplinéiert a sachlech wéi den éischten.
TV-Duell Trump vs Biden
Den zweeten a leschten TV-Debat tëscht dem Donald Trump an dem Joe Biden dës Nuecht war vill méi disziplinéiert a sachlech wéi den éischten.

Et goufen nei Reegelen: Déi Zwee ware gebieden, sech net géigesäiteg z’ënnerbriechen. Dat hu sech och gemaach a sech gréisstendeels op d’Froe vun der Moderatrice agelooss, déi ganz souverän war. Wärend der éischter Äntwert zu engem vun de 6 Theme war dann och dem Géigekandidat säi Mikro ëmmer aus.

Gestridde gouf iwwer d’Corona-Kris, de Klimawandel a Rassismus. Perséinlech Attacke goufen et och dës Kéier.

Trump a Biden hunn e komplett verschiddent Bild vun hirem Land gezeechent. Ganz ënnerschiddlech sinn hir Usätz an der Corona-Kris. Den Trump koum och ouni Mask op d’Bün, de Biden demonstrativ mat. Den Demokrat huet e puer Mol seng Mask an d’Luucht gehuewen a betount, jidderee sollt eng undoen. Den Trump wëll keen zouent Land méi, kee Lockdown. „D’Medezin dierft net méi schlëmm si wéi de Problem selwer.“

Den Donald Trump iwwert Covid19

Den Joe Biden iwwer Covid19

Den Trump huet e puer Mol China d’Schold gi fir de Virus, an datt en an d’USA an an Europa komm ass.

Een vun de Sujete war de Klimaschutz, wou den Joe Biden annoncéiert huet, dass d’USA sech nees wéilten un d’Ziler aus dem Paräisser Klimaaccord halen, sollt hien d’Wäisst Haus iwwerhuelen. Den Donald Trump huet sech selwer eng Bonne note ausgestallt, fir seng Klimapolitik, an dem Biden reprochéiert, der Wirtschaft massiv ze schueden, sollt hie wëlle manner op fossil Brennstoffer setzen.

Zolidd unenee gerode sinn déi zwee Kandidate fir d’Presidentielle vum 3. November iwwerdeems beim Thema Migratiounspolitik. Wuel bei kengem anere Sujet leien d’Positioune vun deenen zwee esou fundamental auserneen.

Trump / Biden iwwer Migratioun

Den Joe Biden huet dann den Trump e Rassist genannt. Deen huet gekontert, hie wär déi am mannste rassistescht Persoun am ganze Raum.

Liicht verzweiwelt huet d’Widderhuelung vun der Attack vum Trump géint dem Joe Biden säi Jong gewierkt. Hien huet dem Demokrat virgeworf, datt alles drop hindeite géif, datt hie korrupt wier.

Den Joe Bidden huet betount, hien hätt ni e Penny aus dem Ausland krut a gekontert, datt hien anescht wéi de Republikaner zanter 22 Joer all Joer seng Steiererklärungen ëffentlech gemaach huet.

War et Verzweiwlung oder einfach e Manktem u Kreativitéit? Op alle Fall huet de Republikaner ausser Attacke géint de Biden virun allem d’Zäit genotzt, fir sech selwer ze luewen. Den US-Demokrat, deen an den Ëmfroe vir läit, huet déi 90 Minutten eigentlech just ouni Feeler missten iwwerstoen an dat ass him gelongen. Béid Kandidaten hu sech definitiv besser geschloe wéi nach am éischten Duell, mä fir gréisser Changementer an der Dynamik vum Walkampf dierft den Debat net suergen.

TV-Duell Trump vs Biden / Rep. Claudia Kollwelter

Back to Top
CIM LOGO