"Fremantle Highway""Etagë komplett verschmolt mat den Autoen"

RTL Lëtzebuerg
Wéi séier d'Charge u Bord vum Frachter "Fremantle Highway" gebuerge ka ginn, bleift onkloer.
© AFP

De Chef vun der Entreprise Boskalis, déi fir d’Ofluede vun der Charge responsabel ass, sot, vill vun den Autoen, déi d’Schëff gelueden huet, wiere komplett mateneen a mat den Etagë verschmolt.

Nom schlëmme Feier um Autofrachter virun der hollännescher Küst gouf d’Schëff méi genee inspizéiert. Déi véier iewescht Etagë vun der “Fremantle Highway” wieren esou uerg beschiedegt, datt ee se kaum betriede kéint, sou de Chef vun der Entreprise Boskalis, Peter Berdowski. Et wier doduerch schwiereg, fir d’Charge vum Schëff erofzekréien.

Knapp 2.700 vun den insgesamt ronn 3.800 Autoen u Bord sinn der Aschätzung vun Experten no zerstéiert a kéinte warscheinlech net gebuerge ginn.

Deemnächst gëtt de Pëtrol aus dem Schëff gepompelt. “Domadder ass de Risiko vun enger Ëmweltkatastroph däitlech méi kleng”, sou de Boskalis-Chef.

Bei der Inspektioun gouf och däitlech, datt déi ënnescht véier vun den zwielef Etagë gréisstendeels intakt sinn. Och knapp 1.000 Autoen, dorënner 500 elektrescher, wieren op den éischte Bléck a guddem Zoustand, sou de Berdowski. Ma nach ass onkloer, wéi se vum Frachter erofgeholl kënne ginn.

Experte vun den Autosproduzenten - dorënner Volkswagen, BMW a Mercedes - sollen elo ënnersichen, wéi d’Gefierer transportéiert kënne ginn. D’E-Autoen hätte gelueden Akkuen, sou de Berdowski. “Dat ka ganz geféierlech sinn.” Et wéilt een net, datt d’Autoen duerch den Transport sech op en Neits entzünden, “an de ganze Misär vu vir ufänkt”.

D’"Fremantle Highway” ka bis de 14. Oktober am Hafe bleiwen. Vun do aus soll de Frachter dann op eng aner Plaz geschleeft ginn, wou en dann ausernee geholl oder reparéiert gëtt. Dat ass eng Decisioun vum japanesche Besëtzer.

Back to Top
CIM LOGO