Krich an der UkrainEU, USA a Groussbritannie beschléisse weider Sanktioune géint Russland

RTL Lëtzebuerg
D'EU-Staats- a Regierungscheffen hunn an der Nuecht op e Freideg weider Sanktioune géint Russland decidéiert.
Zweete Sanktiounspak géint Russland
D’EU-Staats- a Regierungscheffen hunn an der Nuecht op e Freideg weider Sanktioune géint Russland decidéiert.

Och den amerikanesche Präsident Joe Biden an de brittesche Premier Boris Johnson hu weider Sanktiounen annoncéiert. Um Enn goufen eng Rëtsch Mesuren zréckbehalen, déi virop déi russesch Finanz- an Transportsecteuren treffe sollen.

Wat elo d’Finanzen ugeet, esou hunn déi russesch Banke quasi keen Accès méi op den europäesche Marché. Si kënne keng Sue méi léien, kéng Kreditter verginn, a russesch Staatsentreprisë solle sech net méi iwwert d’EU refinanzéiere kënnen.

D’Sanktiounen am Transportsecteur treffe virop déi russesch Fluggesellschaften. Si kënne keng Ersatzstécker méi an Europa bestellen. Do dernieft gouf decidéiert, datt russesch Diplomaten an och Geschäftsleit net méi esou einfach un Visa’en fir anzereese kommen.

Dës Kéier sinn dann och de russesche Präsident Vladimir Putin an säin Ausseminister Sergej Lawrow direkt viséiert. Hiert Verméige gëtt agefruer a si däerfen net méi an d’EU areesen.

Och d’USA hunn en Donneschdeg den Owend weider Sanktiounen decidéiert. De Präsident Joe Biden huet enger Ried annoncéiert, datt déi véier wichtegst russesch Banke keng Geschäfter méi an den USA däerfe maachen.

Dobäi kommen Export-Kontrolle fir technologesch Gidder an och eenzel Persounen aus dem direkten Ëmkrees vum Vladimir Putin sollen duerch d’US Sanktioune getraff ginn.

Groussbritannien huet decidéiert, fir weider russesch Konten anzefréieren an d’russesch Fluchgesellschaft Aeroflot däerf net méi op der Insel landen.

Russland huet Géigesanktiounen annoncéiert, Detailer géingen den Ament gepréift ginn.

Den EU-Conseil-Präsident Charles Michel huet ugekënnegt, datt d’EU elo schonn un engem drëtte Sanktiouns-Pak géing schaffen. Nieft Russland sollen déi Mesuren och Belarus treffen.

Back to Top
CIM LOGO