Et ass schonns déi véiert Uklo géint de republikanesche Virgänger vum Joe Biden. E Jury hat decidéiert, datt den Donald Trump sech wéinst Versich, de Walausgang vun de Presidentiellen 2020 am Bundesstaat Georgia ze beaflossen, viru Geriicht muss veräntwerten. Fir RTL op der Plaz ass de Philip Crowther.
Zu Atlanta wäert de fréiere President kuerz verhaft ginn, ier hien am Prisong seng Fangerofdréck muss ofginn an eng Foto - e sougenannten “Mugshot"- vun him gemaach gëtt. Hie kann de Prisong duerno nees verloossen, mee et ass sech ze erwaarden, datt déi eenzegaarteg Foto vun engem President am Prisong den Tour uechtert d’Welt wäert maachen, mengt de Philip Crowther.
Nach 18 aner Leit, dorënner dem Trump säi fréieren Affekot Rudy Guiliani, sinn an d’Affär implizéiert. Den RTL-Korrespondent op der Plaz geet dann och dovun aus, datt den Trump de Prozess géint hie wäert notzen, fir seng Presidentschaftscampagne fir déi nächst Walen no vir ze bréngen.