
All d’Virwërf wieren richteg, sot den 43 Joer ale Schauspiller en Dënschdeg zu Wien. “Kee wousst vun all deem”, huet et weider geheescht.
Konkreet gouf dem Teichtmeister reprochéiert, sech tëscht Februar 2008 an August 2021 online ronn 76.000 Fichiere mat Biller, op deene Kanner mëssbraucht ginn, besuergt ze hunn. D’Affer sollen deels manner ewéi 14 Joer al gewiescht sinn.
Fir den Optakt vum Prozess hunn en Dënschdeg eng Partie Kannerschutz-Aktiviste virum Geriicht demonstréiert. Wéi däitsch Medie mellen, wier den Ugekloten iwwer eng Säitenentrée an de Geriichtssall komm. Den Affekot vum Acteur hat am Virfeld schonn annoncéiert, datt säi Client sech schëlleg bekenne wéilt. Den Teichtmeister hat esou gehofft, enger Prisongsstrof z’entgoen.
De Florian Teichtmeister gouf ënnert anerem duerch d’Lëtzebuerger Koproduktioun “Corsage”, an där hien un der Säit vum Vicky Krieps de Keeser Franz gespillt huet, bekannt. De Film war eigentlech an der Preselektioun fir d’Oscaren, gouf awer an der Suite vun de Beschëllegungen net nominéiert an och a ville Kinoe gestoppt.