
Den 41 Joer ale Mann, deen e Fluch op Singapur gebucht hat, gouf festgeholl an d’Nashorn-Har vun der Police saiséiert. Him dreet elo e Prozess wéinst illegalem Handel mat Haren. A Südafrika huet d’Nashorn-Wëlderei Experten no virun allem a privaten Naturparke rëm däitlech zougeholl.
Am Februar hat d’Land eng Partie menacéiert Déiere fir den Ofschoss fräiginn. “Am Ganzen zéng Spatzmaulnashörner an 150 Elefante kënne gejot ginn”, hat de Bësch- an Ëmweltministère vum Land erkläert. Och e puer Leoparde wäerten deemno ënner bestëmmten Ëmstänn geschoss ginn. Den Erléis aus dem Verkaf vu Juegdlizenze sollen u veraarmt ländlech Gemengen an de Juegdgebidder goen.