HamburgFra bei "Beschwierungszeremonie" ëm 60.000 Euro bedrunn

RTL Lëtzebuerg
Eng 65 Joer al Fra ass am Januar zu Hamburg enger Trickdéiwin op de Läim gaangen. Dobäi wollt si just hir Famill schützen.
© Markus Spiske / Unsplash

Mat enger “Beschwierungszeremonie” wollt d’Affer ee schwéiert Accident vun hirem Mann an hirem Enkel verhënneren. Eng Trickdéiwin hat d’Fra an enger Foussgängerzon zu Hamburg ugeschwat a behaapt, si géinge sech kennen. Duerno huet si gesot, der Fra hir Famill wier a Gefor. Den Enkel an de Mann vum Affer géinge geschwënn bei engem Accident ëm d’Liewe kommen. D’Trickdéiwin hat allerdéngs och direkt eng Léisung parat: Den Accident kéint verhënnert ginn, wann d’Fra vill Boergeld beschwiere kéint. Mat enger Komplizin vun der Déiwin ass déi 65 Joer al Fra 60.000 Euro Boergeld an hir Wunneng sichegaangen.

Zeréck bei der Trickdéiwin huet d’Affer hir de Pak mat de Suen iwwerreecht. Déi dubiéis Fra huet mat hirer “Beschwierungszeremonie” ugefaangen, d’Suen an een Handduch agewéckelt an dem Affer zum Schluss ee Kräiz op de Réck gemoolt. D’Fra krut hir 60.000 Euro zeréck - op d’mannst dem Uschäin no. D’Trickdéiwin huet hir Instruktioune ginn, de Pak ee Mount laang net opzemaachen, fir datt d’Beschwierung kéint wierken.

Wou d’Affer de Pak no engem Mount nees opgemaach huet, waren amplaz vun de 60.000 Euro just Pabeiersschnipselen dran. Doropshin ass d’Affer bei d’Police gaangen, déi elo wéist Bedruch ermëttelt.

Back to Top
CIM LOGO