
D’Beamte vun der Police goufen en Donneschdeg an e Supermarché zu Hamburg wéinst enger Onéierlecher geruff, déi 139 Tablette Schockela klaue wollt. Déi 41 Joer al Fra huet d’Wuer an hirem “Trolley” verstoppt a versicht, sech domat onbemierkt aus dem Stëbs ze maachen. Si huet d’Rechnung allerdéngs ouni den Detektiv gemaach, dee si in flagranti dobäi erwëscht huet.
De geklaute Schockela entsprécht engem Wäert vun ëmgerechent 200 Euro. Wisou si esou eng grouss Quantitéit illegal matgoe loosse wollt, ass net gewosst.