NigerFrankräich plangt e partiellen Ofzuch vu sengen Truppen

RTL Lëtzebuerg
Frankräich kënnt der Fuerderung vun der nigresche Militärregierung, seng Truppen aus dem Land ofzezéien, deelweis no.
© AFP

Den Echange iwwert den Ofzuch vun engem Deel vun de franséischen Zaldoten hätt ugefaangen, heescht et en Dënschdeg vum franséische Verdeedegungsministère.

Nodeems den nigresche Militär Enn Juli den demokratesch gewielte President Mohamed Bazoum gestierzt hat, hat Frankräich, d’selwecht wéi vill aner westlech an afrikanesch Staaten, annoncéiert, dass een déi nei Regierung net unerkenne géif. Dës hat Ugangs August eng ganzt Partie Verdeedegunsaccorde mat Frankräich opgekënnegt. Zanterdeem hunn déi franséisch Zaldoten hire Support fir den nigresche Militär gestoppt.

De partiellen Ofzuch kéint virun allem Zaldote betreffen, déi sech ëm den Entretien vu militäresche Gefierer këmmeren, déi elo net méi genotzt ginn.

Detailer doriwwer, wéi vill Zaldote Frankräich ofzéie wëll a wéi laang den Ofzuch dauere soll, ginn et vu Paräis bis ewell nach net. Vum Chef vun der nigrescher Regierung Ali Mahaman Lamine heescht et iwwerdeems, dass d’Zaldoten d’Land ganz séier verloosse sollen. Et wéilt een awer, wa méiglech, weider mat Frankräich zesummeschaffen. Béid Länner hätte vill Gemeinsamkeeten.

Back to Top
CIM LOGO