Bruno Le MaireFranséische Staat ënnerstëtzt Air France mat 7 Milliarden Euro

RTL Lëtzebuerg
De franséische Staat ënnerstëtzt Air France mat enger Milliardenhëllef an Héicht vun am ganzen 7 Milliarden.

Dovunner 3 Milliarden Staatskreditter a 4 Milliarden Euro Garantien fir Bankeprêten. Dat huet de franséische Wirtschaftsminister Bruno Le Maire annoncéiert. Déi national Fluchgesellschaft misst gerett ginn. D’Corona-Kris huet den Aviatiounssecteur jo an eng déif Kris gedréckt.

D’Lufthansa huet e Freideg annoncéiert 100.000 Plaze missten opgebaut ginn.

Back to Top
CIM LOGO