Groussen Undrang an der LuxexpoFransousen zu Lëtzebuerg - eng atypesch Wielerschaft

Jeannot Ries
Et war vill Undrang fir den éischten Tour vun de franséische Walen e Sonndeg de Mëtteg an der Luxexpo.
Fransousen zu Lëtzebuerg - eng atypesch Wielerschaft
Et war vill Undrang fir den éischten Tour vun de franséische Walen e Sonndeg de Mëtteg an der Luxexpo.

Fransouse wielen an der Luxexpo / Reportage Danielle Filbig

28.000 Fransousen hu sech hei zu Lëtzebuerg an der Ambassade op Wielerlëscht agedroen. Well d’Infrastrukturen am Lycée Vauban net méi grouss genuch waren, ass de franséische Walbüro dës Kéier an d’Luxexpo geplënnert. An do war e Sonndeg de Moie vill lass.

Déi éischt Wieler stounge scho virun der Luxexpo ier iwwerhaapt d’Dieren um 8 Auer op goungen. D’Fransouse sinn déi zweetgréisst auslännesch Communautéit hei zu Lëtzebuerg, hannert de Portugisen. Vu Stonn zu Stonn goufen d’Schlaange virun den 21 Walbüroen an der Hal 2 dann och méi laang. Dem Gefill no louch Walbedeelegung fir Mëtteg, iwwert de 25,48 Prozent am Hexagon.

Virum Apero war den Undrang am Gréissten. D’Autoen hu bis zeréck op de Rond-point Serra gestaut. Op Momenter huet d’Police souguer missen de Verkéier reegelen. Fir vill Expats ass dës Wal effektiv eng besonnesch. Gedeelt tëscht Ongewëssheet oder och dem Wëllen Extremer ze konteren. Verschidde Wieler hu souguer gesot, et géif Kandidaten déi hinnen Angscht maachen. Den Duell Gauche - Droite géif der Vergaangenheet ugehéieren. Elo wieren et d’Mondialisten géint d’Extremisten.

Um 19 Auer e Sonndeg den Owend hunn d’Büroen zougemaach. Domat ass dee bis elo scho laangen Dag nach net gelaf. E Sonndeg den Owend gëtt gezielt. Gerechent gouf mat 17 bis 18.000 Walziedel. Iert d’Resultat op Paräis geschéckt gëtt, fir validéiert ze ginn. E Méindeg am Laf vum Dag gëtt dann op der Ambassade verëffentlecht, wéi d’Fransousen hei zu Lëtzebuerg ofgestëmmt hunn.

2017 hate sech 61 Prozent vun de franséische Wieler hei zu Lëtzebuerg fir den éischten Tour deplacéiert. Den Emmanuel Macron hat als Éischten direkt 41,5 Prozent vun de Stëmme krut.

HEI D’RESULTATER

Eng interaktiv Kaart weist Iech, wéi wéi en Departement gewielt huet

Back to Top
CIM LOGO