Corona-Mutatioun an DänemarkGaser drécke Kadaver vun Näerzen nees un d'Uewerfläch

RTL Lëtzebuerg
Millioune vun Déiere goufen an aller Hetz doutgemaach, fir eng Iwwerdroung vun enger Coronavirus-Mutatioun op de Mënsch ze verhënneren.

Elo sinn eng Abberzuel doudeg Näerzen onerwaart op engem Militär-Territoire nees opgedaucht, dee provisoresch als Massegraf ëmfunktionéiert gouf. D’Lächer, déi fir d’Kadaver gegruewe goufen, waren net déif genuch. Gaser hunn d’Déieren nees un d’Uewerfläch gedriwwen. Wéi et aus engem Mediebericht vun der “New York Post” heescht, hätten d’Lächer just eng Déift vun engem Meter gehat.

Vun der Police am däneschen Holstebro heescht et, dass si just nach mat enger dënner Sand-Kallekschicht bedeckt wieren. Den ëffentlech-rechtleche Fernseesender DR huet dem zoustännege Ministère reprochéiert, net déif genuch Länner gegruewen ze hunn. Vun hirer Säit heescht et, dass et just en “temporäre Problem” wier. Dass sech Déiere bei der Zersetzung géingen a Richtung Uewerfläch beweegen, wier ganz normal. Dag an Nuecht gëtt d’Graf elo iwwerwaacht, fir ze kontrolléieren, ob nach méi Kadaver zum Virschäi kommen a fir weider Problemer ze vermeiden.

Ugangs November gouf ugekënnegt, dass ronn 17 Milliounen Näerzen am Land missten doutgemaach ginn, nodeems op verschiddene Plazen eng Mutatioun vum Sars-CoV-2 entdeckt gouf, déi op de Mënsch kann iwwerdroe ginn.

© Mette Moerk / Ritzau Scanpix / AFP

Back to Top
CIM LOGO