Viru 25 JoerGedenkfeier fir d'Affer vum "Estonia"-Schëffsongléck

RTL Lëtzebuerg
Estland a Schweden gedenken e Samschdeg den Affer vum Schëffsongléck vu viru 25 Joer.
© AFP Archivbild

D’Schëff ma Numm “Estonia” ass wärend engem Stuerm den 28. September 1994 um Wee vun Tallinn op Stockholm ënnergaangen. 852 Leit sinn dobäi ëm d’Liewe komm. Nëmmen 137 hunn der d’Ongléck iwwerlieft.

D’Ongléck vun der Auto-Fär gëllt als déi gréisste Schëffskatastroph zanter dem zweete Weltkrich. D’Schëff ass a manner wéi 50 Minutten ënnergaangen.

Zu Tallinn gëtt et e Monument, fir un d’Affer vum Ongléck ze gedenken. Déi Iwwerliewend an d’Famillje vun den Affer wäerte sech e Samschdeg ënnert anerem do versammelen.

Back to Top
CIM LOGO