1 Joer nom MordGedenkfeier fir Journalist Jamal Khashoggi

RTL Lëtzebuerg
Fir den 1. Joresdag vum Mord um Journalist Jamal Khashoggi am Konsulat vu Saudi-Arabien zu Istanbul, gëtt eng Gedenkfeier organiséiert.

Mat dobäi sinn och dem Khashoggi seng Verloobten an d’Rapportrice vun de Vereenten Natiounen fir aussergeriichtlech Exekutiounen, Agnès Callamard.

De Kolumnist vun der Washington Post war den 2. Oktober zejoert vun engem Team vun Agenten, déi aus Saudi-Arabien ugereest waren, am saudiarabesche Konsulat ëmbruecht ginn. Wärend der Enquête huet d’Rapportrice vun de Vereenten Natiounen glafwierdeg Beweiser fonnt, dass de Krounprënz Mohammed bin Salman an de Mord verwéckelt soll sinn. Dësen huet viru kuerzem als Staatschef vu Saudi-Arabien déi voll Responsabilitéit iwwerholl, awer weiderhin ofgestridden, dass hie vun de Pläng soll gewosst hunn.

Mohammed Bin Salman
Mohammed Bin Salman

Back to Top
CIM LOGO