6 Méint no AttackGedenkzeremonie zu Hanau fält wéinst héijen Neiinfektioune méi kleng aus

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg gëtt den 9 Affer geduecht, déi den 19. Februar an der däitscher Stad Hanau erschoss goufen.

Well d’Neiinfektiounen zu Henau an de leschten Deeg däitlech an d’Luucht gaange sinn, huet sech d’Stad dozou entscheet, d’Gedenkfeier an engem méi klenge Kader z’organiséieren. Pro 100.000 Awunner ass den Taux un neie confirméierte Fäll nämlech op 49 geklommen.

De Buergermeeschter Claus Kaminsky hat déi geplangten Demonstratioun mat e puer dausende Participantë verbueden an erkläert, dass d’Infektiounszuelen einfach ze héich wieren. Hie wier schockéiert iwwert déi “rasant Infektiounsentwécklung”. Et géing ee mat enger weiderer Hausse an den nächsten Deeg rechnen. Dowéinst wier et net ze veräntwerten, eng Demonstratioun mat 3.000 bis 5.000 Participanten z’erlaben an esou zur Verbreedung vum Coronavirus bäizedroen.

Um 14 Auer geet d’Gedenkzeremonie mat de Famillje vun den Doudesaffer lass. Net méi wéi 249 Leit dierfe mat dobäi sinn, fir hire Verstuerwenen ze gedenken. Vum Claus Kaminsky heescht et, dass hie Verständnis dofir hätt, dass d’Veranstalter enttäuscht wieren, nodeems si esou vill Zäit an d’Organisatioun gestach hätten. Hie seet hinne Merci fir hiert Versteesdemech.

Wat war geschitt?

Den 19. Februar huet den 43 Joer alen Tobias R. zu Hanau 9 Persoune mat Migratiounshannergrond erschoss. Hien a seng Mamm goufe bei sech Doheem doudeg opfonnt. D’Ermëttler haten d’Dot als rassistesch a rietsextremistesch agestuuft. De Mäerder hat virun der Attack en Dokument mat verschwierungsideologeschem Contenu publizéiert.

Back to Top
CIM LOGO