
De Parquet fuerdert 20 Joer Prisong. De Weinstein weist all Virwërf géint sech zeréck. E Jury vu Geschwuerenen hat den haut 74 Joer ale Mann am Juni d'lescht Joer wéinst sexuellen Iwwergrëff op d'Produktiounsassistentin Miriam Haley schëlleg gesprach.
Wienstein war schonn 2020 ënnert anerem wéinst dem Haley senge Virwërf zu 23 Joer Prisong verurteelt ginn. Wéinst Feeler am Prozess huet dat Iewescht Geriicht zu New York allerdéngs d'Urteel méi spéit nees opgehuewen an huet ordonéiert, datt de Fall nei verhandelt misst ginn.
De Weinstein war joerzéngtelaang ee vun den aflossräichen Hollywood-Produzenten. 2017 haten d'"New York Times" an de Magasinn "New Yorker" eng sëllege Virwërf géint hie verëffentlecht, déi déi sougenannten "Me too"-Beweegung lassgetrueden hunn. Insgesamt méi wéi 80 Fraen hunn dem Weinstein Belästegung, sexuell Iwwergëff oder Vergewaltegung virgeworf.