
Eng zéng Prozedure wéinst Strofdoten an aneren Dote virum Haus vum Video-Blogger “Drachenlord” zu Altschauerberg goufen am Mee um Amtsgeriicht verhandelt. Dobäi wier et virun allem ëm Kierperverletzunge géint de Youtuber gaangen, deelt e Spriecher vum Geriicht mat."Well all Affär individuell huet missen traitéiert ginn, war den Ausgang och ganz verschidden.”
An engem Fall wier souguer eng Prisongsstrof ouni Sursis ausgesprach ginn. Ausserdeem goufe Geldstrofe verhaangen. Ee Prozess gouf géint eng Geldoplo agestallt, well déi ugeklote Persoun och blesséiert gi wier. D’Prozedure sinn dem Geriicht no awer deelweis net rechtskräfteg ofgeschloss.
Den “Drachenlord” streit zanter Jore mat senge Géigner, de sougenannten “Hater”, am Internet. Ëmmer rëm stoungen an de leschte Jore Leit viru sengem Haus zu Altschauerberg, fir hien ze provozéieren. D’Police huet iwwert d’Jore meescht e puer Mol den Dag misste wéinst Kaméidi, déprédation, Kierperverletzungen an anere Plainten ausrécken. D’Haus huet de Youtuber antëscht verkaf an ass geplënnert.
Ma och hie selwer war no géigesäitege Beleidegungen gewalttäteg ginn an huet sech misste wéinst eng Rei Fäll viru Geriicht veräntwerten. Am Mäerz gouf hien zu engem Joer Prisongsstrof mat Sursis verurteelt.