Europäeschen Äerdbeobachtungsprogramm confirméiertGlobal gesinn de wäermste Summer zanter Ufank vun den Opzeechnungen

RTL Lëtzebuerg
De Summer 2023 war, global gesinn, dee mat Ofstand wäermsten zanterdeem dass Wieder-Donnéeën opgezeechent ginn.
© Envato Skaron2022

Dat huet den europäeschen Äerdbeobachtungsprogramm Copernicus e Mëttwoch confirméiert.

D’Duerchschnëtts-Temperatur fir d’Méint Juni, Juli an August louch weltwäit gesi bei 16,77 Grad Celsius. Dat ass knapps en hallwe Grad méi ewéi am leschte Rekordsummer 2019.

Den UNO-Generalsekretär Guterres huet e Mëttwoch op dës Nouvelle reagéiert an d’Welt-Gemeinschaft nach emol opgeruff, ze handelen. D’Klima géif méi séier implodéieren, wéi een als Gesellschaft domat kéint ëmgoen.

Back to Top
CIM LOGO