Grand-Duc op Visitt a GroussbritannienEng al Frëndschaft mat neie Perspektiven

Tim Morizet
Vum Zweete Weltkrich, iwwert de Brexit, bis bei déi aktuell europäesch Politik: D'Relatioun tëscht Lëtzebuerg a Groussbritannien huet eng laang Geschicht. D'Héiflechkeetsvisitt vum Grand-Duc Guillaume soll déi enk Verbindung tëscht béide Länner ënnersträichen.
Déi groussherzoglech Famill huet déi brittesch Kinneksfamill um Findel empfaangen.
© RTL-Archiv

Vum Zweete Weltkrich, iwwert de Brexit, bis bei déi aktuell europäesch Politik: D'Relatioun tëscht Lëtzebuerg a Groussbritannien huet eng laang Geschicht. D'Visitt vum Grand-Duc Guillaume soll déi enk Verbindung tëscht béide Länner ënnersträichen.

Net méi spéit ewéi e Mëttwoch gëtt de Grand-Duc Guillaume vum brittesche Kinnek Charles III. empfaangen. Hei treffen zwee Monarchen openeen, deenen hir Länner zanter Generatiounen enk matenee verbonne sinn. Lëtzebuerg a Groussbritannien ënnerscheede sech zwar däitlech an hirer Gréisst, hirer politescher Bedeitung an hirem Verhältnis zu der Europäescher Unioun. An trotzdeem verbënnt si méi wéi just eng gemeinsam monarchesch Traditioun.

Déi diplomatesch Relatiounen tëscht béide Länner ginn op d'Joer 1880 zeréck. Eng besonnesch Bedeitung krut dës Frëndschaft am Zweete Weltkrich. Nodeems Nazidäitschland Lëtzebuerg 1940 besat hat, huet d'Grand-Duchesse Charlotte mat hirer Famill am Exil a Groussbritannien gelieft. Vun der BBC zu London aus huet si sech reegelméisseg un d'Lëtzebuerger Populatioun geriicht a gouf esou zu engem Symbol vum Widderstand. Hire Fils, de spéidere Grand-Duc Jean, huet an der brittescher Arméi gedéngt a bei der Arrivée vun den Truppe géint de Naziregimm an der Normandie deelgeholl.

Eng besonnesch Verbindung tëscht de Monarchien

Och tëscht de kinnekleche Famillje besti laangjäreg perséinlech Kontakter. 1976 koum d'Kinnigin Elizabeth II. fir eng Visitt op Lëtzebuerg, wou si vum Grand-Duc Jean empfaange gouf. Et war déi bis elo eenzeg Visitt vun engem regéierende brittesche Monarch am Grand-Duché. Véier Joer firdrun, 1972, war et déi éischt Visitt vum Grand-Duc Jean an der Grand-Duchesse Joséphine-Charlotte zu London.

Staatsvisit a Groussbritannien
Vum Zweete Weltkrich, iwwert de Brexit, bis bei déi aktuell europäesch Politik: D'Relatioun tëscht Lëtzebuerg a Groussbritannien huet eng laang Geschicht.

De fréiere Grand-Duc Henri war sengersäits nach am Mee 2024 beim Kinnek Charles III. am Windsor Castle op Besuch. Dës Visitt war awer keen offizielle Staatsbesuch.

Fir de Grand-Duc Guillaume ass Groussbritannien keen onbekannten Terrain

De Grand-Duc Guillaume huet a Groussbritannien studéiert an eng militäresch Ausbildung op der kinneklecher Militärakademie Sandhurst absolvéiert. Hien huet duerno de Royal College of Defence Studies besicht. An awer ass dës Visitt eng ganz besonnesch: Et ass seng éischt Visitt zu London als Staatschef.

Milliarden am ekonomeschen Austausch

Wéi wichteg déi ekonomesch Relatioun ass, weisen déi brittesch Handelszuelen. An de véier Quartaler bis Enn Juni 2025 louch de gesamte Wueren- an Déngschtleeschtungsaustausch tëscht deenen zwee Länner bei ronn 25 Milliarden Euro. Par rapport zum Joer virdrun eng Hausse vu bal 19 Prozent.

Dobäi dominéieren däitlech d'Déngschtleeschtungen. Vun de britteschen Exporter op Lëtzebuerg, am Wäert vun 13,2 Milliarden Pond, ware méi ewéi 94 Prozent Déngschtleeschtungen. Ëmgedréint huet Groussbritannien fir 8,2 Milliarden Pond aus Lëtzebuerg importéiert, dovunner ronn 85 Prozent Déngschtleeschtungen.

Besonnesch de Finanzsecteur spillt hei eng zentral Roll. London ass ee vun de wichtegsten internationale Finanzzentren, wärend Lëtzebuerg virun allem am Beräich vun den Investissiounsfongen staark opgestallt ass. Fir brittesch Finanzentreprisen ass Lëtzebuerg domat eng wichteg europäesch Plattform. Donieft gëtt et Kooperatiounen an der Fuerschung, der Sécherheet an an der Aussepolitik.

De Brexit huet Spueren hannerlooss

Zanter dem 31. Januar 2020 ass Groussbritannien net méi Member vun der Europäescher Unioun. Domat sinn nei administrativ Hürden entstanen, ënner anerem beim Handel, bei der Mobilitéit an am Finanzsecteur. Och fir déi brittesch Communautéit zu Lëtzebuerg hat dat Konsequenzen.

Aktuell liewen ongeféier 5.300 brittesch Staatsbierger am Grand-Duché. Déi Britten, déi scho virum Enn vun der Brexit-Iwwergangsphas hei gelieft hunn, konnten hir Openthaltsrechter iwwer speziell Dispositioune sécheren.

Kënnt Groussbritannien Europa an domat Lëtzebuerg nees méi no?

Politesch kéint d'Relatioun an den nächste Joren awer nees méi enk ginn. Den neie brittesche Premier Andy Burnham huet sech Enn Oktober oppe gewisen, fir och iwwer eng méiglech Neiaféierung vun der fräier Zirkulatioun tëscht Groussbritannien an der EU ze diskutéieren. Hie wëll verschidde Modeller fir eng méi enk Zesummenaarbecht ënnersichen a schléisst och e laangfristege Retour an d'Europäesch Unioun net kategoresch aus.

Beim geplangten EU-UK-Sommet den 20. November sollen ënner anerem den Handel mat Liewensmëttel, d'Mobilitéit vu jonke Leit an d'Zesummenaarbecht bei den Emissiounsreegele diskutéiert ginn. Eng méi enk ekonomesch Integratioun kéint och Lëtzebuerg zeguttkommen, besonnesch duerch manner Handelsbarrièren an eng méi einfach Zesummenaarbecht am Déngschtleeschtungssecteur.

Back to Top
CIM LOGO