HéiflechkeetsbesuchDe Grand-Duc Guillaume beim Kinnek Charles III.

Tim Morizet
Eng Audienz tëscht zwee Monarchen, fir déi allerdéngs just eng Véierelstonn virgesi war, déi symbolesch awer eng grouss Bedeitung hat.

Fir de Grand-Duc Guillaume ass Groussbritannien keen onbekannten Terrain. Hien huet hei studéiert an ënner anerem eng militäresch Ausbildung op der kinneklecher Militärakademie Sandhurst absolvéiert. Och säi Papp, de Grand-Duc Henri, war am Mee 2024 beim Kinnek Charles am Windsor Castle op Besuch.

Historesch verbënnt déi zwee Länner eng déif Frëndschaft, déi besonnesch am Zweete Weltkrich gepräägt gouf. Haut sinn et virun allem och gemeinsam wirtschaftlech Interessen: Ronn 25 Milliarden Euro u Wueren an Déngschtleeschtunge goufen an engem Joer tëscht béide Länner ausgetosch. An dat trotz dem Brexit.

Politesch gëtt mëttlerweil nees eng méi grouss Proximitéit tëscht Groussbritannien an der Europäescher Unioun ugestrieft. Beim geplangten EU-UK-Sommet dëse Freideg soll et ënner anerem ëm manner Handelsbarrièren an eng méi einfach Mobilitéit fir jonk Leit goen. Eng Entwécklung, vun där och Lëtzebuerg kéint profitéieren.

Nieft dem Ausseminister Xavier Bettel gëtt de Grand-Duc muer och vum Finanzminister Gilles Roth begleet. Um Programm stinn Entrevuen a béide Chambere vum brittesche Parlament, eng Renconter mam Lord Mayor vun der Londoner City an eng Visitt um renomméierten Imperial College, wou och Accorde sollen ënnerschriwwe ginn.

Eng kuerz Visitt also, déi net nëmmen un eng gemeinsam Vergaangenheet erënnere soll, mee virun allem och de Bléck no vir riicht.

De Grand-Duc Guillaume gouf bei senger Visitt am Buckingham Palace vum Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel, der Hofmarschallin Sasha Baillie an dem Lëtzebuerger Ambassadeur zu London, Georges Friden, begleet.

Back to Top
CIM LOGO