BeijingGréisste Fluchhafen op der Welt ageweit

RTL Lëtzebuerg
Just e puer Deeg virun dem 70. Joresdag vun der Volleksrepublik China huet de President Xi Jingping den neie Mega-Fluchhafen zu Beijing ageweit.
© AFP

D’Gebai huet d’Form vun engem Séistär an ass 700.000 Quadratmeter grouss. D’Bauaarbechten hu just 4 Joer gedauert. Bis d’Joer 2024 soll de Fluchhafe mat sengen 8 Start- a Landebunne voll operationell sinn. Am Sous-Sol vum Fluchhafe sinn eng Zuch- a Metrosstatioun. Den Zentrum vu Peking ass an 20 Minutten z’erreechen. Den neie Fluchhafen huet eng Kapassitéit vun 100 Millioune Passagéier d’Joer. D’Käschte vum Projet chiffréiere sech op ëmgerechent 15 Milliarden Euro. Entworf gouf de Fluchhafe vun der britesch-irakescher Star-Architektin Zaha Hadid, déi 2016 gestuerwen ass.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO