
Et si beonrouegend Nouvellen, déi aus dem Süd-Oste vun der Ukrain kommen. Do goufen et an der Nuecht op e Freideg nämlech an der Stad Saporischschja uerg Affrontementer ronderëm dat gréissten Atomkraaftwierk a ganz Europa. Dëst gouf nawell ferm vu russesche Panzeren an och aus der Loft bombardéiert, a verschidden administrativ Gebaier stoungen a Flamen, déi ganz no un de 6 Reaktere stinn. D’Feier war an de fréie Moiesstonnen nees geläscht.
Den ukraineschen President Selensykyj geheit Russland vir, nuklearen Terror ze bedreiwen. Nach ni virdrun an der Geschicht hätt een et gewot, Atomanlagen ze beschéissen. Et gesäit ganz dono aus, wéi wa Moskau d’Atomkatastrof vun Tschernobyl wéilt widderhuelen, sot hien e Freideg de Moien an engem Videomessage.
D’Reaktere wiere mëttlerweil ausgeschalt ginn an et wär keng Hausse vun der Stralung gemooss ginn. Wéi Kiew mellt, huet déi russesch Arméi den Terrain vum Atomkraaftwierk besat, d’Betribspersonal géif d’Energiebléck awer kontrolléieren an de Betrib assuréieren.
D’USA a Groussbritannien hunn d’Attacken um Freideg de Moien schonn op dat schäerfst verurteelt. De brittesche Premier Boris Johnson sot, dass de Vladimir Putin elo d’Sécherheet vu ganz Europa géif menacéieren. Hie wëll dofir eng Sitzung vum UNO-Sécherheetsrot aberuffen.
Den ukraineschen Energieminister huet op Grond vun den neien Attacken e séiert Agräife vun der NATO gefuerdert. Et bräicht een elo d’Ënnerstëtzung vum Bündnis, dat och Atomwaffen zur Verfügung huet.
Iwwerdeems ginn och weider Groussstied an der Ukrain bombardéiert a vu russesche Buedemtruppe menacéiert. Et ginn och nees e puer Dosen doudeg an honnerte blesséiert Ziviliste gemellt.
“Dat Schlëmmst wäert nach kommen”: Dat war dann den alarmante Constat vum franséische President Macron no engem laangem Telefonsgespréich mam Vladimir Putin. Dëse wéilt weiderfuere mat der Invasioun, bis d’ganz Ukrain ënnert russescher Kontroll ass. D’Offensiv géif no Plang verlafen, esou de russesche President an enger Ried op der Tëlee, wou hien op en Neits vun engem Kampf géint Nazie geschwat huet.
Diplomatesch Beméiunge ginn awer weider. En Donneschdeg goufe sech russesch an ukrainesch Vertrieder eens, fir humanitär Korridoren ze schafen an et soll och eng drëtt Verhandlungsronn ginn.
Zu Bréissel sinn d’NATO-Ausseministeren um Freideg beieneen, an och d’EU-Chef-Diplomate gesi sech nach eng Kéier fir en extraordinäre Conseil.
Op der NATO-Reunioun sinn och d’Ausseministere vun den Net-Membere Finnland a Schweden derbäi, déi awer mëttlerweil iwwert en Antrieden an d’Nordatlantik-Allianz nodenken. D’Finnen hu jo eng direkt gemeinsam Grenz mat de Russen.
Wann d’EU-Ministere beienee kommen, sinn och den US-Ausseminister Blinken an den NATO-Generalsekretär Stoltenberg mat derbäi. Lëtzebuerg ass béid Kéieren duerch de Jean Asselborn vertrueden.