
Et handelt sech ëm den “Ambassadeur vum Gewëssen”.
Dës Auszeechnung wier fir déi Millioune vu Jugendlechen, déi keng Angscht hunn a fir hir Zukunft kämpfen, sou déi 16 Joer al Gretha Thunberg wärend der Zeremonie. Déi heegsten Auszeechnung vun der Mënscherechtsorganisatioun gouf no Donnéeë vun Amnesty International fir eng besser Klimapolitik, déi aus der Greta Thunberg hirem Engagement eraus entstanen ass, iwwerreecht. Och den Direkter vun Amnesty, Kumi Naidoo sot, dass dëse Präis fir all déi Jugendlech wier, déi op d’Strooss ginn fir ze demonstréieren.
D’Greta Thunberg protestéiert elo schonn zanter iwwert engem Joer fir méi Klimaschutz. Aus hirem Streik, deen ëmmer Freides ass, gouf eng international Protestbeweegung mat Honnertdausende vu Sympathisanten. Si war virun zwou Wochen an den USA ukomm. De leschte Freideg huet si virum Wäissen Haus mat e puer Honnert Kanner a Jugendlecher fir méi Klimaschutz demonstréiert. E Freideg ass d’Greta Thunberg zu New York, wou si um globale Klimastreik vun der Protestbeweegung Fridays for Future deelhëlt.
Weltwäit sinn deen Dag Aktioune geplangt, och hei zu Lëtzebuerg, wou déi Jonk vu Moies 10 bis Mëttes 1 Auer op d’Strooss gi fir ze protestéieren.