DäitschlandGrouss Evenementer, wéi Festivaller, bleiwe bis den 31. August verbueden

RTL Lëtzebuerg
Butteker mat enger Fläch vu bis zu 800 Quadratmeter dierfen hir Diere vum 20. Abrëll un nees opmaachen. Allerdéngs ënnert bestëmmte Konditiounen.

D’Zuel u Persoune muss an de Raimlechkeete begrenzt ginn an d’Hygiènesmesurë mussen agehale ginn. Onofhängeg vun de Quadratmeter solle Librairien, Vëlosgeschäfter, Kulturariichtunge wéi Bibliothéiken an Archiven, wéi och botanesch Gäert nees fir de Public opgoen. Dat huet d’Bundeskanzlerin e Mëttwoch de Mëtteg op enger Pressekonferenz matgedeelt, nodeems et eng Liveschaltung mat de Ministerpresidente vun de Bundeslänner gouf.

Betriber wéi Coiffeurssalonen, bei deenen een de Clienten no kënnt, sollen eréischt de 4. Mee nees ufänke mat schaffen. Aschränkunge vu soziale Kontakter gëlle weiderhi bis den 3. Mee. Restauranten, Baren a Caféë bleiwe bis op Weideres zou.

Weider heescht et, dass d’Otemschutzmasken an de Geschäfter an am ëffentlechen Transport keng Flicht solle ginn, et géing awer dréngend recommandéiert ginn.

Weider ass et dann och d’Nouvelle, dass grouss Evenementer bis den 31. August grondsätzlech verbuede bleiwen. Heizou gehéieren dann och déi sëllege Festivallen, wéi de Rock am Ring oder Southside, déi jo an Däitschland honnertdausende Mënschen unzéien, awer och gréisser Fester a Kiermes-Evenementer.

D’Ministerpresidenten an d’Bundeskanzlerin hu sech drop gëeenegt, dat well et géint d’Ausbreede vum Virus schütze géif a well dës Decisioun den Organisateuren a Veräiner Kloerheet gëtt.

Um Mëttwoch gouf dann och decidéiert, datt d’Grenzkontrolle vun Däitschland verlängert ginn, dat fir 20 Deeg.

Back to Top
CIM LOGO