
Leit, déi dobaussen ënnerwee sinn mussen 1 Meter 50 Ofstand zu eneen halen an et dierfen och net méi wéi zwou Persounen, déi net an engem Stot liewen, zesumme spadséiere goen. Bei deem schéine Fréijoerswieder géif virop an de Parke kontrolléiert ginn an et wieren och Polizisten an Zivil ënnerwee, esou eng Porte-Parole vun der Police.
