Mega Coup géint CyberkriminalitéitGrousse Rechenzenter an alem Nato-Bunker hei vir an Däitschland entdeckt

RTL Lëtzebuerg
Am Bunker heivir zu Traben-Trarbach goufe Server entdeckt, iwwer déi Drogen, Waffen- a Falschgeldgeschäfter respektiv Kannerpornografie verbreet goufen.

Zu Traben-Trarbach heivir an Däitschland gouf et der Police no ee gigantesche Coup géint d’Cyberkriminalitéit. Et huet een en enorme Rechenzenter entdeckt. D’Server, iwwert déi Droge-Geschäfter, Kannerpronografesch Delikter oder Falschegeld- a Waffen-Geschäfter ofgewéckelt goufen, waren an engem fréieren NATO-Bunker.

600 Polizisten waren am Asaz. D’Auswäerte vun den Daten dierft Méint daueren. Bis ewell goufen dräi Däitscher an en Hollänner verhaft.

Back to Top
CIM LOGO