DänemarkHacker klauen Donnéeë vun 8,8 Millioune Leit

AFP, iwwersat vun RTL
Wéi den dänesche Ministère fir digital Affären e Méindeg matdeelt, hu sech Hacker Accès zum nationale Populatiounsregëster verschaaft an d'Donnéeë vun iwwer 8 Millioune Leit geklaut.
Perséinlech Donnéeë vun iwwer 8 Millioune Leit sinn an Dänemark vun Hacker geklaut ginn.
© AFP

Ënner anerem Nimm, Adressen a Sécurité-sociale-Nummere vun insgesamt 8,8 liewenden, ma och verstuerwenen dänesche Residentë wiere bei der Hackerattack geklaut ginn. Insgesamt sinn am Regëster d'Donnéeë vu ronn 11 Millioune Leit gespäichert.

Dem Ministère no wier d'Verwaltung vum betraffene Service e Freideg iwwert eng "Anomalie" am Systeem "am Laf vu September" informéiert ginn. Déi Onbekannt hu sech deemno Zougrëff iwwert de legalen Zougang vun enger dänescher Entreprise verschaaft. Deen Accès gouf entretemps blockéiert.

D'Autoritéiten hätten dës weidere Mesuren ënnerholl, fir e weidere vergläichbaren Ugrëff z'ënnerbannen. Eng Ënnersichung zur Hackerattack gouf lancéiert.

"Et handelt sech ëm en extreem grave Virfall", esou déi zoustänneg Ministesch Christina Egelund. Persounen, deenen hir Nimm an Adresse besonnesch musse geschützt ginn, wiere vun der Cyberattack net betraff.

Back to Top
CIM LOGO