
Donieft gouf en Dënschdeg matgedeelt, dass 43 Prozent, also 706 Jonker keen Internet doheem hunn. Besonnesch grav ass et an de Länner südlech vun der Sahara. 89% hu keen eegene PC an 82 Prozent keen Internetzougang an den eegene véier Wänn. Ronn 56 Millioune Kanner an Teenager liewen an engem Gebitt, an deem et mol keen Telefonsnetz gëtt.
Mat Bléck op d’Corona-Pandemie gouf festgestallt, dass op d’mannst 1,5 Milliarde Schüler an 63 Millioune Proffen den Ament net uerdentlech léieren a schaffe kënnen. An 191 Länner hunn d’Schoulen hir Diere missen zoumaachen, deelt d’Unesco mat.
Duerchgefouert gouf dës Etüd vun der International Task Force on Teachers for Education.