ChinaHamsterkeef zu Peking aus Angscht viru komplettem Lockdown

RTL Lëtzebuerg
Dosende Corona-Infektioune si festgestallt ginn. Wéinst der strenger chinesescher 0-Covid-Politik stellt sech Peking elo op ee komplette Lockdown an.

D’Stad Shanghai mat senge ronn 25 Milliounen Awunner ass schonn zanter Abrëll gréisstendeels vun der Aussewelt ofgeschnidden, mat schlëmme Konsequenze fir d’Awunner. Frësch Liewensmëttel a medezinesch Betreiung si knapp ginn, d’Leit dierfen hir Wunnenge just an Ausnamefäll verloossen.

A Peking hunn d’Leit elo Angscht, datt et hinne geschwënn wéi den Awunner vu Shanghai kéint goen. Vill Regaler a Supermarchéë sinn duerch Hamsterkeef eidelgeraumt ginn. Vun e Méindeg u musse sech d’Awunner vum Staddeel Chaoyang, an deem ronn 3,5 Millioune Mënsche liewen, all zwee Deeg op de Virus teste loossen. Vill auslännesch Ambassadë sinn an deem Deel vun der Stad, an deem dann och déi meeschten Auslänner wunnen.

Den Autoritéiten no hätt sech de Virus schonn zanter enger Woch gréisstendeels onentdeckt weiderverbreet. Ob elo allen 21 Milliounen Awunner vun der chineesescher Haaptstad ee komplette Lockdown bevirstoe kéint, oder ob dëse just a verschiddenen Deeler vun der Stad gëlle soll, wäert vun der Verbreedung vum Virus ofhänken, esou een Expert vun der chineesescher Gesondheetsagence.

Zu Shanghai ass d’Situatioun iwwerdeems och ronn ee Mount no der Aféierung vum Lockdown nach net ënner Kontroll. E Sonndeg goufen aus der Stad op en Neits 51 Doudeger gemellt. Gréng Clôturë solle virun den Haiser vu Leit opgeriicht gi sinn, déi positiv op de Virus getest gi sinn. Och d’Noperen dierften hir Haiser deen Ament net méi verloossen.

Back to Top
CIM LOGO