Korrespondenz vu BerlinHartz IV soll duerch "Biergergeld" ersat ginn - wéi soll d'Reform ausgesinn?

RTL Lëtzebuerg
Mat enger neier Aarbechtsreform aus der Fieder vun der SPD sollen d'Aarbechtslosenhëllef an de Prinzip Hartz IV reforméiert ginn.
© AFP/Archiv/INA FASSBENDER

Net nëmmen d’Inflatioun an d’Konsequenze vun der Pandemie belaaschte sozial schwaach Stéit an Däitschland. Och déi knapp Sozialhëllef verschäerft dës Problemer zousätzlech an iwwerdréit se oft souguer vun enger Generatioun op déi nächst. Mä dës Woch huet den SPD-Aarbechtsminister Hubertus Heil d’Reformprojete virgestallt.

“Hartz IV"-Reform / Korrespondenz vum Claire Schmartz

Hartz IV ass warscheinlech de gréissten Trauma vun der SPD. 2004 hat déi rout-gréng Regierung ënnert dem Gerhard Schröder d’Aarbechtslosen- a Sozialhëllef ënnert dem Numm Hartz IV zesumme geluecht a gehofft, mat dëser Reform déifgräifend Verbesserungen ze erreechen. Tatsächlech huet och d’Zuel vu Laangzäitaarbechtslosen ofgeholl. Mä fir 60 Prozent vun de Leit, déi Hartz IV kréien, huet dës Reform de facto eng Kierzung vun hirer Ënnerstëtzung mat sech bruecht. Am Ament läit den “Hartz IV"-Saz bei 449 Euro pro Mount, derbäi kommen Heizungs- a Wunnengskäschten.

Dës Reform ënnert der Regie vun der SPD hat bedeitend negativ Auswierkungen: D’Kanneraarmut an Däitschland ass zanterhier enorm geklommen. A gläichzäiteg war d’Reform net effikass doran, Leit e Wee aus der Aarbechtslosegkeet ze weisen. Amplaz goufen ënner gewëssen Ëmstänn souguer Sanktiounen op dësem scho knappe Montant agefouert. A Laangzäitaarbechtsloser goufen an 1-Euro-Jobs oder Mini-Jobs vermëttelt, déi dem Wiessel an e normale Beruff finalement am Wee stinn.

Elo soll endlech eppes geännert ginn, wéi den Aarbechtsminister Hubertus Heil de Mëttwoch bei enger Pressekonferenz sot, bei där déi geplangte Reform präsentéiert gouf.

“Mein Ziel ist es – und meine Amtsverantwortung – dass es zum 1. Januar [2023] eine angemessene Erhöhung der Regelsätze geben wird, damit Menschen, die jetzt zum Beispiel mit steigenden Lebensmittelpreisen Probleme haben, über die Runden kommen können”, sou den Hubertus Heil.

Mat engem neien Numm geet et lass: Net mi Hartz IV, mee “Biergergeld” soll et elo heeschen an déi gréisste Problemer, déi sech an de leschte 17 Joer Hartz IV ofgezeechent hunn, léisen.

Den SPD-Aarbechtsminister Hubertus Heil.
Den SPD-Aarbechtsminister Hubertus Heil.
© POOL/AFP/Archiv/Kay Nietfeld

Zum Beispill soll d’Méiglechkeet gi ginn, sech eppes derbäi ze verdéngen, amplaz dass all Revenu fir d’éischt mat Hartz IV verrechent gëtt. D’Erspuertes, dat och bei Aarbechtslosegkeet net ugepaakt dierf ginn, gëtt eropgesat. Kanner a StudentInnen aus Familljen, déi Hartz IV kruten, solle méi vun hirem eegene Revenu behalen dierfen, och wann si nach doheem wunnen. Et soll nach méi Méiglechkeete fir Weiderbildunge ginn, amplaz d’Leit séier an Äushëllefsberuffer ze stiechen. Dofir sollen zum Beispill Beruffsausbildunge méi laang a méi staark promouvéiert ginn. An och de Montant vum Biergergeld soll eropgesat ginn – op wat fir eng Zomm, steet allerdéngs nach net fest.

Et wier eng Reform am Sënn vum eigentlechen Numm vun der SPD, am Sënn vum S – fir Soziales – an e Verspriechen, dat schonn am Walkampf gemaach gouf: Eng Grondsécherung fir all Bierger a Biergerin. Déi gréng Koalitiounspartner fuerderen nach méi Erliichterungen, zum Beispill, dass keng Sanktiounen op d’Sozialhëllef-EmpfängerInnen zoukommen, wann se hir Ofmaachunge mam Jobcenter net anhalen oder Rendez-vouse verpassen. Hei hält d’FDP dogéint, déi net wëll, dass d’Biergergeld zu enger Zort “bedéngungslosem Grondakommes gëtt”.

Wichteg wier virun allem, sou den Aarbechtsminister Hubertus Heil: “Es geht darum, dass Menschen, die in Not sind, verlässlich abgesichert werden. Das ist eine Frage der gesellschaftliche Solidarität.”

Am Hierscht solle Bundestag a Bundesrat iwwert dat neit Gesetz ofstëmmen. Wéi genee et sech bis dohi profiléiere wäert, ënnert dem Afloss vun den awer esou ënnerschiddleche Koalitiounspartner, bleift ofzewaarden.

Claire Schmartz fir RTL vu Berlin.

Back to Top
CIM LOGO