Staatsbegriefnes e MéindegHéichrangeg Gäscht aus aller Welt erweisen der Queen déi lescht Éier

RTL Lëtzebuerg
D'Staatsbegriefnes vun der Kinnigin Elizabeth II markéiert den Héichpunkt vun der Trauerphas am Vereenegte Kinnekräich.
© AFP/Marco BERTORELLO

Iwwert hir 70 Joer als Staatscheffin hat d’Kinnigin, déi leschten Donneschdeg am Alter vu 96 Joer gestuerwen ass, et mat héije Politiker a bekannte Perséinlechkeeten aus aller Welt ze dinn. Entspriechend laang ass dann och d’Lëscht vun de Gäscht, déi hir nächste Méindeg an der historescher Westminster Abbey zu London déi lescht Éier erweise wëllen. Bis zu 2.200 Gäscht kënnen do Plaz fannen. Nieft der brittescher Kinneksfamill zielt ënnert anerem déi nei brittesch Premierministesch Liz Truss zu de geluedene Gäscht. D’Kinnigin Elizabeth II hat déi konservativ Politikerin eréischt zwee Deeg virun hirem Doud domat beoptraagt, eng nei Regierung ze bilden.

Eng offiziell Lëscht u Gäscht gëtt et zwar nach net, mee d’Invitatioune goufe scho verschéckt. Den US-President Joe Biden war ee vun deenen éischten héichrangege Politiker, dee seng Zouso ginn huet. Och d’Leader vun de Commonwealth-Länner, wéi zum Beispill déi neiséilännesch Premierministesch Jacinda Ardern an den australesche Premierminister Anthony Albanese, wäerten déi laang Rees op sech huelen.

Eng besonnesch Éier dierft d’Zouso vun dem japanesche Keeser Naruhito an der Keeserin Masako sinn. D’Membere vun enger vun deenen eelste Monarchien huele meeschtens net un Trauerfeieren deel. Wéi déi japanesch Noriichtesäit Asahi Shimbun schreift, hätt e japanesche Keeser eréischt eng Kéier un der Trauerfeier vun engem auslännesche Staatschef deelgeholl - um Begriefnes vum belsche Kinnek Baudouin am Joer 1993. Och d’Kinneksfamillen aus Spuenien an Holland gi sech bei der Trauerfeier erwaart.

No der Mass wäert d’Kinnigin Elizabeth am Krees vun hirer Famill an der St. George’s Chapel am Schlass vu Windsor bäigesat ginn. An der Kapell sinn ënnert anerem schonn der Kinnigin hir Elteren, hire Mann de Prënz Philip an hir Schwëster d’Prinzessin Margaret begruewen.

Net nëmmen d’Staatscheffen aus aller Welt, mä och d’Zivilbevëlkerung kann hire leschten Adieu ginn.

D’Lued vun der virun enger Woch verstuerwener Kinnigin steet nach bis e Méindegmoien an der Westminster Hall. Bis dohin hunn d’Bierger aus Groussbritannien d’Méiglechkeet, hirer fréierer Kinnigin Äddi ze soen.

Leit aus aller Welt erweisen der Queen déi lescht Éier
D’Staatsbegriefnes vun der Kinnigin Elizabeth II wäert den Héichpunkt vun der Trauerphas am Vereenegte Kinnekräich markéieren.

Back to Top
CIM LOGO