3 Frae si responsabelHimmelslantere stiechen Afenhaus a Brand, 30 Déiere stierwen

RTL Lëtzebuerg
Nëmmen 2 Afen hunn de grousse Brand iwwerlieft. Gorillaen, Schimpansen an Orang-Utane si gestuerwen. Déi 3 Beschëllegt riskéiere bis zu 5 Joer Prisong.
© Christoph Reichwein / dpa / AFP

Nom fatale Feier am Afenhaus vum Krefelder Zoo ass de Fall der Police no sou gutt wéi gekläert. Déi presuméiert Responsabel hate sech selwer bei den Enquêteure gemellt, sou de Gerd Hoppmann vun der Police Krefeld op enger Pressekonferenz en Donneschdeg de Moien. Et wär dovunner auszegoen, datt et sech bei hinnen tatsächlech ëm déijéineg géing handelen, déi d’Himmelslantere an d’Loft schwiewe gelooss hätten an domat och d’Feier ausgeléist hätten.
Als tatverdächtegt gëllen dräi Frae vu Krefeld. Et handelt sech ëm eng 60 Joer al Fra an hir zwou erwuessen Duechteren. Op den Himmelslanteren, déi an der Géigend vum Afenhaus fonnt goufen, waren Noriichte geschriwwen an dës Schrëft géing zu enger vun de presuméierte Responsabele passen. Déi dräi Fraen hätten e puer Mol gesot, datt et hinne géing “onendlech leed doen”, sou d’Enquêteuren. Si haten an der Silvesternuecht 5 Himmelslanteren an d’Loft schwiewe gelooss. D’Fraen hätten dës am Internet bestallt, an net gewosst, datt se eigentlech verbuede wieren, sou nach den Hoppmann.

Déi presuméiert Responsabel riskéieren eng Prisongsstrof vu 5 Joer oder eng Geldstrof.

Ronn 30 Déiere ware beim Brand an der Silvesternuecht ëm d’Liewe komm, dorënner och Gorillaen, Schimpansen an Orang-Utanen.

© Alexander FORSTREUTER / DPA / AFP

2 Schimpansen hu wéi e Wonner iwwerlieft, et géif hinnen den Ëmstänn entspriechend gutt goen, sou déi Responsabel vum Zoo.

D’Afenhaus selwer ass bis op d’Grondmaueren ofgebrannt a kann net méi opgebaut ginn. Béid Schimpansen déi iwwerlieft hunn, mussen an engem aneren Zoo ënnerbruecht ginn.

© afp

D’Matgefill an der Géigend an an de soziale Medien ass grouss, den Zoo huet scho vill Spende vu Bierger an Organisatioune kritt.

Back to Top
CIM LOGO