Exportlänner vu PëtrolHistoresch Baisse vu Pëtrolsproduktioun soll Präisser nees hiewen

Maxime Gillen
Et wier déi gréisste Baisse, déi jee gemaach gouf, a soll d'Pëtrolspräisser erëm an d'Luucht drécken.
© MIGUEL MEDINA / AFP

D’OPEC an eng Rei Partnerlänner hunn decidéiert déi nächst zwee Méint manner Pëtrol ze produzéieren. D’Demande an domat de Präis fir Pëtrol sinn ënnert anerem duerch d’Corona-Kris massiv agebrach.

Fir de Präis erëm an d’Luucht ze drécken, gouf sech elo dorop gëeenegt am Mee an am Juni knapp 10 Millioune Barrel den Dag manner ze produzéieren. Den Accord betrëfft ronn een Zéngtel vun der weltwäiter Produktioun. Experten erwaarden sech, dass Länner wéi Kanada an d’USA awer nach nozéien an hir Produktioun och eroffueren.

Uganks Mäerz war schonn eng Kéier probéiert ginn esou en Accord ze fannen. Ma deemools ass et der OPEC a Russland net gelongen sech ze eenegen. Saudi Arabien huet doropshin annoncéiert aus Protest d’Produktioun weider auszebauen. Dat huet natierlech dofir gesuergt, dass d’Präisser weltwäit definitiv an de Keller gerutscht sinn.

D’Exportlänner vu Pëtrol hu gëschter Owend eng historesch Baisse vun der Produktioun decidéiert. Et wier déi gréisste Baisse, déi jee gemaach gouf, a soll d’Pëtrolspräisser erëm an d’Luucht drécken.

Back to Top
CIM LOGO